Reaktiounen an der Press iwwer de Meeting vun der Landwirtschaft, den 19. November 2014 zu Ettelbréck

StopBis zu 1.500 Sympathisante (laut “Luxemburger Wort” vum 20. November 2014) sinn dem Opruff vun de Bauerevereenegungen – der Centrale Paysanne, dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, dem Lëtzebuerger Privatbësch, dem Service Activités Féminines (SAF) vun der Centrale Paysanne an dem Service Jeunesse (Lëtzebuerger Bauerejugend) an de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer  – nokomm, fir hir Onzefriddenheet mat der Politik auszedrécken an e kloren Appell un déi Zoustänneg vun der Regierung ze riichten, fir d’Akteuren an der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Forstwirtschaft eescht ze huelen.

Fir d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer war hire President, de Jeff Boonen, um Riednerpult an huet folgend Themen ugeschwat: Perspektive fir déi Jonk schafen / D‘Entwécklung vun de Betriber ënnerstëtzen / Eng zukunftsorientéiert a nohalteg Landwirtschaft promovéieren: Interventioun vum Jeff Boonen.

Artikel aus dem Wort vum 20/11/2014
Reaktiounen op TAGEBLATT.LU
Reaktiounen op LESSENTIEL.LU
Reaktiounen op RTL.LU
RTL-Reportage vum 19/11/2014 (vu 14:00 – 18:00 Minuten)
Artikel aus dem Lëtzebuerger Bauer vum 21/11/2014

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Den neie Landwirtschaftsberoder stellt sech vir

Claude PetitDen 2. November 2014 huet de Claude Petit vu Schwéidsbeng de Poste vum ekologesche Landwirtschaftsberoder vu senger laangjäreger Virgängerin, dem Katharina David, iwwerholl.

Domat ass déi ekologesch Berodung fir Betriber – déi hir Produktioun am Sënn vun enger ëmweltschounender an zukunftsfäheger Landwirtschaft gestalte wëllen – a vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an Zesummenaarbecht mam OekoZenter Pafendall ugebuede gëtt, weiderhin assuréiert.

Eis Memberen an Interessenten kënnen sech an dësem Virstellungsschreiwen e Bild vum neie sympathesche Landwirtschaftsberoder maachen.

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Grousse Meeting vun der Landwirtschaft

StopZesumme mat der Centrale Paysanne, dem Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, dem Lëtzebuerger Privatbësch, dem Service Activités Féminines (SAF) vun der Centrale Paysanne an dem Service Jeunesse – Lëtzebuerger Bauerejugend invitéieren d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer den 19. November 2014 op e grousse Meeting vun der Landwirtschaft zu Ettelbréck an der Däichhal.

Aus Aktualitéitsgrënn wëllen dës Associatiounen um Meeting op d’Uleies vum landwirtschaftleche Secteur agoen an der Politik / der Ëffentlechkeet hir Siicht vun der zukünftiger Landwirtschaft zu Lëtzebuerg presentéieren.

Et ass wichtig, datt vill Leit aus dem landwirtschaftliche Secteur op dëser Versammlung vertrueden sinn, fir en Zeechen ze setzen. Déi genannten Associatiounen maachen dofir een Appell un all déi Concernéiert, fir deen Dag mat dobäi ze sinn: Flyer

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

D’LLJ – JB & JW traueren ëm hire Member Änder Guth

Änder GuthD’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – a speziell de regionale Grupp “Süden” – traueren ëm hire verstuerwene Member Änder Guth, deen e Freideg, den 31. Oktober 2014 duerch en tragescht Akzident zesumme mat sengem Kolleg Bill aus eiser Mëtt gerappt ginn ass.

Der Famill vun dem Verstuerwenen drécken d’Nationalcomitéë vun de Verbänn vun der LLJ – JB & JW hiert déifstent Bäileed aus.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 10/2014

Duerf 10-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen