Wonnerbar Ënnerstëtzung vun der Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“

Jeanny - 50te Gebuertsdag - 2Op der Feier fir hire 50. Gebuertsdag huet d’Madame Jeanny Janssen-Bakx vu Manternach op Cadeaue verzicht an hir Invitéeën dozou opgeruff, d’Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“ vun der ONG ze ënnerstëtzen. Bei där Geleeënheet konnt si déi impressionnant Zomm vun 2.300 € sammelen, déi integral an d’Produktioun vu Kassine fir d’Produzenten am Burkina Faso fléissen. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Bichermaart an Afrika-Fest fir déi gutt Saach vun de Schoulkanner vu Biissen

Scheck -Schoul Biissen 2014Flott Aktioune vun de Schoulkanner vu Biissen an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal, der Gemeng Biissen an dem Fussballveräin

Den 11. Mee 2014 hunn d‘Schoulkanner vu Biissen op e grousse Bichermaart invitéiert, wou si hir gebrauchte Bicher ganz bëlleg ugebueden hunn. Si konnten op d‘Ënnerstëtzung vun hiren Elteren zielen, déi Kaffi, Kuch a Grillwurschte verkaf hunn. Och d’Léierpersonal war am Asaz an huet fir de Verkaf vum Gedrénks gesuergt. D’Gedrénks an d’Infrastruktur goufe vun der Gemeng gestallt; de Fussballveräin huet säin Zelt opgeriicht an der Schoul et fir deen Dag gratis zur Verfügung gestallt. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

E wonnerbare Gest vu Solidaritéit vum LGS-Grupp St. Laurent mat de Frae vu Soa am Kamerun

LGS LuerenzweilerEnn Juli 2014 hunn déi Verantwortlech vum Grupp St. Laurent vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten vu Luerenzweiler dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l., e Scheck am Wäert vu 1.700 € iwwerreecht.

Dës Zomm koum bei der traditionneller Ouschtereeër-Aktioun zesummen, déi all Joer vum lokalen LGS-Grupp fir e gudden Zweck organiséiert gëtt, fir domat d’Entwécklungszesummenaarbecht vu verschiddenen ONGen a mannerbemëttelte Länner ze ënnerstëtzen. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 7-8/2014

Duerf 7-8 2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

De President vun de LJB & JW am Interview an der Zeitung Agri-Kultur

AgriKulturAn der Juni-Ausgab (Nr. 52/2014, Säit 17) vun der Zeitung Agri-Kultur (Magazin für ökologische Agrar- & Esskultur in Luxemburg) vun der Vereenegung Bio-Lëtzebuerg bezitt de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Stellung zur biologescher Landwirtschaft. Ënner dem Titel “Auf die biologische Landwirtschaft umstellen erfordert ein Umdenken” geet hien op d’Entwécklungschancen an, déi sech fir vill Lëtzebuerger Betriber opdinn, wann de Betribsleeder sech fir déi biologesch Bewirtschaftung entscheed: Artikel

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Konstruktiver Austausch

Logo_Departement_de_environnementCommuniqué par le Ministère du Développement durable et des Infrastructures

“Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” treffen Umweltministerin

Am 9. Juli 2014 hatten Umweltministerin Carole Dieschbourg, Staatssekretär Camille Gira und Vertreter der „Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ eine Unterredung zu aktuellen Fragen der Agrarpolitik.

Im Mittelpunkt standen dabei die sektoriellen Leitpläne der Regierung. Sie wurden auch von der Vertretung der Jungbauern prinzipiell begrüßt, weil sie den Flächenverbrauch generell reduzieren und auch den Druck auf die landwirtschaftlichen Flächen verringern sollen. Mehrere Unklarheiten in Bezug auf die Umsetzung der Leitpläne konnten von Staatssekretär Gira im Verlauf des Gesprächs aus dem Weg geräumt werden. Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Hearing an der Chamber zum Fräihandelsaccord mat den USA

Laurent FrantzE Freideg, den 11. Juli 2014 goufen d’Vertrieder vun der Plattform, déi sech géint de d’Fräihandelsaccord mat den USA stäipen, an der Chamber am Kader vun engem Hearing gehéiert: Artikel aus dem Wort vum 12. Juli 2014.

A Vertriedung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer huet de Laurent Frantz d’Wuert ergraff:

D’Interventioun vum Laurent Frantz am Text

Am Stream op chamber.lu (vun 1h25 un)

Billergalerie (Facebook: Chambre des Députés)

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Pressecommuniqué zu der Entrevue vun der Plattform PTCI/TTIP mat der Regierung

TTIP - 07-05-14_006Opgrond vum Positiounspabeier zum geplangtenen transatlantesche Fräihandelsaccord mat den USA, deen d’Memberorganisatioune vun der Plattform PTCI/TTIP am Mee 2014 publizéiert haten, sinn hir Vertrieder de 27. Juni 2014 vun enger staarker an héichkaräteger Delegatioun vun der Regierung empfaange ginn.

D’Entrevue huet d’Méiglechkeet gebueden, fir sech iwwer d’Impressiounen am Dossier auszetauschen a Stellung zu den aktuellen Negociatiounen ze bezéien: Pressecommuniqué.

 

Downloads | Kommentar hannerloossen