Duerf 1/2013

DuerfVill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen

Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht an Afrika duerch de Lely Center an Agri-Produits f

SONY DSCBei Geleeënheet vun hirer Jores-Ofschlossfeier 2012 hunn d’Verantwortlech vum Lely Center – Van Laar s.à.r.l. a vun Agri-Produits s.à.r.l. vun Ischpelt dem Carlo Schiltges, Vize-President vun der ONG  ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’, e Samschdeg, den 12. Januar 2013 e Scheck am Wäert vu 1.500 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika iwwerreecht. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

European Young Farmers Congress

Young Farmers Congress - 06-12-2012Das Europaparlament setzt auf den Einfallsreichtum der Junglandwirte

Europa verfügt, glücklicherweise, über eine produktive Landwirtschaft, die uns mit qualitativ hochwertigen Lebensmitteln versorgt und die gleichzeitig die umweltverträglichste und nachhaltigste Landwirtschaft der Welt ist. Weider liesen

CEJA | Kommentar hannerloossen

Eiser laangjäreger Sekretärin e grousse Merci

Marie-Rose - Abschied 21-12-2012Am Kader vun enger sympathescher klenger Feier ass eis laangjäreg Sekretärin, d’Madame Marie-Rose Kickert, den 21. Dezember 2012 am Restaurant FirWatNet verabschied ginn. No deene bal 20 Joer, wou si fir eis Associatiounen am Asaz war, ass si vum 1. Januar 2013 an hirer verdéngter Pensioun.

Mir soen hir e grousse Merci fir déi geleeschten Aarbecht, déi si mat vill Engagement a mat Häerz gemaach huet a wënschen hir vun Häerzen all Guddes an där neier Etapp vun hirem Liewen.

LLJ | Kommentar hannerloossen