D’Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg ënnerstëtzen d’Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso

Foto: Charles Reiser

Am Numm vum Verwaltungsrot vun eiser ONG soe mir de Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg e ganz grousse MERCI fir dee schéine Gest zugonschte vun de Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso.

D’Vereenegung vun de Wiewerinne vu Zambélé huet d’Aufgab, hir aktuell 45 Memberen ze encadréieren (Formatiounen, Beschafung vu Material, …) an et hinnen ze erméiglechen, fir e klengt Akommes fir si an hir Familljen iwwer de Wee vun der Produktioun vun héichwäertegem Stoff ze generéieren.

Enn 2020 ass eis ONG der Nofro vun der Vereenegung nokomm an huet d’Aktioun „Ënnerstëtzung vun de Wiewerinne vu Zambélé“ lancéiert, fir déi dynamesch Damme bei hirer wäertvoller Aufgab zur Säit ze stoen. Mat der Aktioun solle folgend Poste finanzéiert ginn:

Beschafung vun 2 Wiefstill 3.660,00 €
Transport vun de Wiefstill    460,00 €
Klengt Material 1.525,00 €
Formatiounen / Encadrement 1.200,00 €
Total 6. 845,00 €

An der Tëschenzäit konnt eng éischt Tranche (2.145 €) vun dëser Zomm op den Terrain iwwerwise ginn. Déi Verantwortlech hunn äis viru Kuerzem matgedeelt, datt domat ee vun de Wiefstill bestallt konnt ginn. D‘Ënnerstëtzung vun de Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg erméiglecht et de Frae vu Zambélé elo, sech mat engem weidere Wiefstull ze ekipéieren.

Niewent deem, deen un d‘Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg geriicht ass, geet eise MERCI och un eis weider Donateuren, déi d’Aktioun spontan no der Publikatioun ënnerstëtzt hunn. BRAVO!

fg

LLJ – Service Coopération | Comments Off on D’Fraen a Mammen vu Colmer-Bierg ënnerstëtzen d’Wiewerinne vu Zambélé am Burkina Faso

E grousse MERCI un d’APELTA

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir de Verantwortleche vun der Elterevereenegung APELTA (Association des parents d’élèves) vum Lycée Technique Agricole vun Ettelbréck e ganz grousse MERCI fir déi sympathesch Ënnerstëtzung (1.270,06 €), déi si eiser ONG dëser Deeg zoukomme gelooss hunn.

Trotz dëse schwieregen Zäiten, wou vill Aktivitéiten op Null erofgefuer gi sinn, hu si op en Neits hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso zum Ausdrock bruecht. BRAVO 🙂

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on E grousse MERCI un d’APELTA

Galerie mat 41 Fotoen.

Réckbléck op d’Generalversammlung 2021 (AG) vun eiser ONG, déi den 30. Mäerz 2021 am Festsall An Haffen zu Wickreng ofgehale konnt ginn. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse MERCI, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären zur Verfügung gestallt … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on

E grousse MERCI geet un de Georges Schiltz vu FRU

E grousse MERCI geet un de Georges Schiltz vu FRU, dee gëschter Owend (30/03/2021) bei Geleeënheet vun der Generalversammlung vum Service Coopération vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) déi offiziell Iwwerreechung vum Erléis vun der « Cuvée Jubilée K6N » am Festsall An Haffen virgeholl huet.

D’Cuvée du Jubilé ass bekanntlech am Kader vum 60. Anniversaire vun der ONG (1959 – 2019) vu FRU by Georges Schiltz elaboréiert ginn, fir dee ronne Gebuertsdag vun der Hëllefsorganisatioun beim jonke Produzent ervirzesträichen an d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso iwwer dee Wee ze ënnerstëtzen. Vill vun eise Frënn a Sympathisanten hu vun der Geleeënheet profitéiert, fir dee fruchtegen an excellente Wäin ze bestellen an de Georges bei senger Aktioun fir déi gutt Saach ze encouragéieren.

Foto (v.l.n.r) : Luc Emering (LLJ-President), Marie-Claude Dornseiffer-Marx (ONG-Vizepresidentin), Georges Schiltz (FRU), Romain Richer (ONG-President), Carlo Schiltges (fréieren ONG-Vizepresident a staark am Asaz beim Georges um Betrib), Angèle Mersch (LLJ-Presidentin)

BRAVO Georges 🙂

 

LLJ | Comments Off on E grousse MERCI geet un de Georges Schiltz vu FRU

ONG.News 2021

D’PDF-Versioun vum ONG.News 2021 kann hei erofgeluede ginn.

Am Edito geet eise President Romain Richer – niewent eisem Engagement am Burkina Faso – op d’Changementer an, déi um organisatoresche Plang bei der ONG ustinn. Den Haaptdeel vum Bulletin hëlt awer verständlecherweis d’Kooperatiounsaarbecht selwer an, déi d’ONG an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Burkina Faso leescht.

Op deene leschte Säiten komme mir op déi vill schéi Gesten vun Ënnerstëtzung zréck, déi fir äis en Encouragement an eisem Schaffen duerstellen. A wéi gewinnt, presentéiere mir Iech, wat dëst Schaffen iwwer d’Joer erduerch op finanziellem Niveau bedeit.

————————————-

L’édition numérique du nouveau bulletin de notre ONG (ONG.News 2021) peut être téléchargée ici.

Dans l’éditorial, le président Romain Richer met l’accent sur notre engagement au Burkina Faso mais attire également l’attention sur les changements en cours au niveau de l’organisation interne de l’ONG. Mais évidemment, la majeure partie du bulletin est réservée aux projets de coopération qui sont réalisés avec nos partenaires locaux.

Sur les dernières pages nous revenons sur les gestes généreux de soutien qui nous encouragent de poursuivre nos efforts pour le bien des populations rurales de l’Afrique pour enfin vous présenter l’ampleur financière de ces efforts.

 

Downloads, LLJ – Service Coopération | Comments Off on ONG.News 2021

Generéis Ënnerstëtzunge vun der Aarbecht vun der ONG duerch déi regional LLJ-Gruppen

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Verantwortleche vun der Landjugend Cliärref, der Landjugend Süden an der Landjugend Zenter e grousse MERCI fir déi schéi Geste vu Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

No/am Virfeld vun hire respektive Generalversammlungen 2021 (deelweis iwwer ZOOM) hunn si der ONG 500 € (LLJ Cliärref), 1.000 € (LLJ Süden) an 2.000 € (LLJ Zenter) zoukomme gelooss.

BRAVO!!!

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref, LLJ Süden, LLJ Zenter | Comments Off on Generéis Ënnerstëtzunge vun der Aarbecht vun der ONG duerch déi regional LLJ-Gruppen

LLJ.News 1/2021

Déi éischt Editioun vum LLJ.News an digitaler Form kréien eis Abonnenten, Memberen aus de Comitéë vun de regionalen LLJ-Gruppen an den Aarbechtsgruppen haut per Mail zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung op d‘Aktivitéiten/Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn, respektiv déi deemnächst ustinn:

  • Zweeten Deel vum Réckbléck op de Jongbauerendag 2020
  • Virstellung vum neien LLJ-President Luc Emering
  • en Artikel vun der LLJ Maacher mat flotte Fotoe vum Christmas Tour
  • eng kleng Virstellung vum Annick Putz, Responsabel fir de Beräich „solidaresch Landwirtschaft“ vun der ekologescher Landwirtschaftsberodung

 

Dësweidere werfe mir e Bléck op:

  • rezent Informatioune vun eiser Chargée de Projets Jacqueline Monville iwwer den aktuelle Kooperatiounsprojet am Burkina Faso
  • déi generéis Ënnerstëtzungen, déi et der ONG erlaben, fir d’Aarbecht am Interessi vun der lokaler ländlecher Bevëlkerung weiderzeféieren

 

Wann Dir eis Verbandszeitung nach net zougestallt kritt an drun interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel.: 44743 – 252 oder per E-Mail: info@jongbaueren.lu

LLJ | Comments Off on LLJ.News 1/2021

Fréijoersfest vun der LLJ Cliärref

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. an Zesummenaarbecht mat der Robbesscheier vu Munzen presentéieren d’Fréijoersfest 2021.

Och dëst Joer kann d’Fréijoerssfest net a senger eigentlech geplangter Form stattfannen, dofir hu mer äis trotzdeem eppes iwwerluecht.

Et stinn 2 Menüen zur Auswiel, déi mir entweeder bei Iech heem liwweren (Kanton Cliärref) tëscht 9-18 Auer oder Dir kënnt Är Commande zu Munzen bei der Robbesscheier ofhuelen.

Reservatioun bis spéitstens de 15. Abrëll 2021 op:

 

Deelt äis do w.e.g. Ären Numm, Är Adress an och eng Telefonsnummer mat.

Weider Detailer zu de Menüe fannt Dir um Flyer an op der Facebook-Säit vun der LLJ Cliärref.

Vegetaresch Alternativ op Ufro.

 

Präis pro Këscht: 35€

 

Ënnerstëtzt den Horesca-Secteur an och d’Veräiner.

LLJ Cliärref | Comments Off on Fréijoersfest vun der LLJ Cliärref