“Games of Norden” hëlleft am Süden!

Déi 10. Mini-Entreprise aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck (LTEtt) spillt Kaarten an der “School of cards”

Am Projet vun der JEL (Jonk Entrepreneuren Luxembourg asbl) konnten déi 12 Schüler vun der 2e testen, wéi gutt si sech als Start-up géife maachen.

Am selwer entwéckelten Trumpf-Kaartespill “Games of Norden” trieden 32 Gemengen aus dem Norde géinteneen un, fir sech a 6 Kategorien ze moossen : vun der Unzuel vun Awunner, iwwert d’Bëschfläch bis bei d’Unzuel vu Firmen oder Schoulkanner.

D’Schüler hu vill Initiativ gewisen, fir d’Kaartespill – trotz CORONA-Restriktiounen – ënnert d’Leit ze kréien.

Dowéinst ass et méiglech gewiescht, en Don an der Héicht vun 2.000 € un d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération asbl” ze maachen. Domat hëllefen d’Schüler beim Ausbau vun enger Schoul am Burkina Faso, déi, fir hiren Eegebedarf ze decken, an erneierbar Energien investéiert, wéi z.B. Solarpanelen an e Waasserbuer.

Sonja Laures
Regente vun der 2e


Am Numm vum Verwaltungsrot vum Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren soe mir de Schüler, hirer Regente an der Direktioun vum LTEtt e ganz, ganz grousse MERCI fir dëse schéine Gest zugonschte vun der Schoulcommunautéit vu Zambélé am Burkina Faso.


Foto vun der Scheckiwwerreechung vum 21.10.2020 (v.l.n.r.): Mini-Entreprise-Vertriederin Liz Survaci, LTEtt-Direkter Fränk Fries, Mini-Entreprise-Vertrieder Johan Piron, Sous-Direkter Yves Monville, ONG-President Romain Richer, Regente Sonja Laures

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on “Games of Norden” hëlleft am Süden!

Generéise Subsid vun der Stad Ettelbréck

Galerie mat 4 Fotoen.

Fir den Engagement vu verschiddenen Hëllefsorganisatiounen ze honoréieren, hunn d’Verantwortlech vun der Gemeng Ettelbréck e Mëttwoch, de 7. Oktober 2020, op eng Scheckiwwerreechung an d’Däichhal op Ettelbréck invitéiert. Bei hirer Usprooch huet d’Madame Mireille Schmit, Presidentin vun der Kooperatiounskommissioun, de … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Generéise Subsid vun der Stad Ettelbréck

Exemplaresche Gest vum Tun MANGEN

Bei Geleeënheet vu senger 1. Kommioun (4. Oktober 2020) huet den Tun MANGEN vu Pëtschent op Kaddoe verzicht an dofir en Opruff bei senger Famill a senge Frënn gemaach, fir d’Aarbecht am Interessi vum Bauerestand am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.

Zesumme mat sengen Elteren Françoise & Ron MANGEN-SCHINTGEN, huet hien sech deemno fir d’Ënnerstëtzung vum Kooperatiounsprojet entscheed, deen et de Baueren a 26 Dierfer aus de Provënzen Boulkiemdé, Sanguié, Sanmatenga a Yatenga erlaabt, d’Erträg op hire Felder duerch den Asaz vum Duo Iesel/Kassin ze optimiséieren.

Niewent dem humanitären Aspekt, war et fir den Tun bei der Auswiel vum Projet wichteg, datt d’Aarbecht um Terrain am Respekt vun der Natur an der Ëmwelt ëmgesat gëtt.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun eiser ONG soe mir dem Kommiounskand a sengen Elteren e ganz grousse MERCI fir dëse schéine Gest a wënschen dem Tun all Guddes fir d’Zukunft.

————————

Geste exemplaire de la part de Tun MANGEN

À l’occasion de sa 1re Communion (4 octobre 2020), Tun MANGEN a renoncé à des cadeaux et a fait un appel à ses proches et à ses amis afin de soutenir l’action au développement en faveur des petits producteurs du Burkina Faso.

Ensemble avec ses parents Françoise & Ron MANGEN-SCHINTGEN il a pris la décision de soutenir le projet de coopération visant à optimiser les récoltes des producteurs de 26 villages se situant dans les provinces de Boulkiemdé, Sanguié, Sanmatenga et Yatenga moyennant le duo âne/kassine.

Outre l’aspect humanitaire, il lui importait lors de sa sélection que le projet soit réalisé dans le respect de l’environnement.

Un grand MERCI à Tun et à ses parents pour ce geste généreux 🙂

Le Conseil d’administration de notre ONG

 

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Exemplaresche Gest vum Tun MANGEN

50 Joer LLJ Zenter

Am Kader vun hirem 50. Anniversaire hat d’LLJ Zenter sech eng ganz besonnesch Aktioun afale gelooss, fir dëse Jubiläum am Respekt mat de Covid-19-Bestëmmungen ze feieren.

LLJ, LLJ Zenter | Comments Off on 50 Joer LLJ Zenter