Vorstellung b|u|s Unternehmertrainingsreihe

Das Agieren auf landwirtschaftlichen Unternehmen wird immer komplexer. Das Risiko, die Anforderungen und die Arbeitsintensität steigen. In schwierigen Zeiten ist es besonders wichtig, den richtigen Weg zu finden – den Betrieb richtig zu Führen und die richtigen Entscheidungen zu treffen.

Unternehmerische und persönliche Fähigkeiten sind entscheidend für die zukünftige Entwicklung des Betriebs.

Die b│u│s Unternehmertrainingsreihe ist für alle, die Ihre persönliche Entwicklung fördern, ihr unternehmerisches Können schulen und zukunftsfähige Strategien für ihren Betrieb erarbeiten möchten. Hierzu gehört nicht nur die Leitung des Unternehmens in all seinen Facetten oder die klassische Mitarbeiterführung, sondern vielmehr die Einbindung aller Beteiligten. Führung braucht Persönlichkeit. Dazu stellt b│u│s klar die Säulen des Erfolgs in den Mittelpunkt – Individualität, Struktur und Weitblick.

Dienstag, 26.09.17 um 20.15 Uhr

im Lycée Technique Agricole in Ettelbrück (Festsaal)

Hier erhalten Sie erste Eindrücke von den b│u│s -Trainings, sowie Informationen zur Organisation der Trainings hier in Luxemburg.

Weitere Informationen finden Sie unter www.andreas-hermes-akademie.de

Eine gemeinsame Veranstaltung von:

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Burkina Dinner

e Samschdeg, den 30. September 2017
um 18:30 Auer an der Däichhal zu Ettelbréck

Am Joer 2015 hunn sech d‘Associatiounen:

 

eng éischte Kéier zesummegeschloss, fir am 2-Jores-Rhythmus eng gemeinsam Aktioun unzegoen an esou hei zu Lëtzebuerg op hir Aarbecht opmierksam ze maachen, déi si an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso realiséieren.

Weider liesen

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

En neie Logo fir d’LLJ a.s.b.l.

D’Catia Biel huet mat Freed den Optrag vum LLJ-Nationalcomité ugeholl, fir e flotten a moderne Logo fir d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren ze kreéieren

No der Reorganisatioun vun den Associatioune vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, déi bekanntlech am Laf vun 2016[1] virgeholl ginn ass, gouf d’Decisioun geholl, fir sech en neie Logo ze ginn.

Wéi mir dunn am Nationalcomité iwwer d‘Iddi vum neie Logo geschwat hunn, hunn ech de Membere vun der LLJ d’Propos gemaach, dëst mat engem Concours mat menger Schoul – dem Lycée de Garçons de Luxembourg (LGL) – ze verbannen. Mam Accord vum Nationalcomité hunn ech de Projet deemno menger Klass –  der 2E aus dem LGL – virgestallt, déi sech direkt bereet erkläert huet, mat mir dorun ze schaffen. Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Gewënner vum Holz’te-Bal

Déi folgend Gewënner vun der Gratis-Tombola vum Holz’te-Bal, deen den 8. Juli 2017 zu Giewel vun der LLJ Süden organiséiert ginn ass, kënnen sech mam Gruppesekretär Pol Majerus um Tel. 621 187 008 a Verbindung setzen:

Gewënner:

Nr. 198
Nr. 009
Nr. 213

 

LLJ Süden | Kommentar hannerloossen

Generéis Ënnerstëtzung vum LCGB

D’Gewerkschaft LCGB ënnerstëtzt d‘Kooperatiounsaarbecht vun der ONG zugonschte vun de mannerbemëttelte Populatiounen am Burkina Faso

 

E Mëttwoch, den 19. Juli 2017 waren d’Vertrieder vun der ONG op de Siège vum LCGB invitéiert, fir e generéise Scheck vun 2.000 € fir d’Entwécklungszesummenaarbecht vun der A.s.b.l. Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération entgéintzehuelen.

Den LCGB-Nationalpresident Patrick Dury ass bei där Geleeënheet op deen, an der Ëffentlechkeet éischter manner bekannten Engagement vun der Gewerkschaft agaangen, deen awer zënter laange Joren iwwer d’A.s.b.l. Prismalux geleescht gëtt. Deemno ënnerstëtzt si regelméisseg eng ganz Rei Projete vu verschiddenen Organismen, déi hei zu Lëtzebuerg an op der ganzer Welt op karitativem Niveau täteg sinn. Den Här Dury huet ënnerstrach, datt et fir d’Gewerkschaftsvertrieder wichteg ass, fir iwwer dee Wee zu enger méi gerechter Welt bäizedroen an dësweideren de Message vu Solidaritéit mat anere Mënschen un hir Membere weiderzeginn. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen