Jongbauerendag 2016

presidentewiessel-2016

No 5 fruuchtbare Joren un der Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun, trëtt de Jeff Boonen (l.) seng Presidentschaft um dësjärege Jongbauerendag (20.11.2016) un de Marc Roeder (r.) of. Mir soen dem Jeff elo schonn e ganz grousse Merci fir déi vill a gutt Aarbecht, déi hien am Interessi vun der LLJ geleescht huet.

D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren invitéiere ganz häerzlech op hiren dësjärege

 

 Jongbauerendag

 

e Sonndeg, den 20. November 2016

 

am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck

Ufank: 20:00 Auer


Thema:
Die Zukunft der Luxemburger Landwirtschaft gestalten

 

Programm:

  1. Begréissung duerch den oftriedenden LLJ-Nationalpresident Jeff BOONEN
  2. Virstellung vum neien LLJ-Nationalpresident Marc ROEDER
  3. Grousswuert vum Här Generalvikar Leo WAGENER, a Vertriedung vum Här Äerzbëschof Mgr Jean-Claude HOLLERICH
  4. Referat vum Här Bernd LÜHRMANN (Dipl.-Ing. agrar FH) zum Thema: Die Zukunft der Milcherzeugung gestalten
  5. Agrarpolitesch Stellungnahm, virgedroe vum Fränz SCHLECHTER,
    Vizepresident vun der LLJ
  6. Schlusswuert vum Här Fernand ETGEN,
    Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Verbraucherschutz
  7. Éierewäin am Festsall vum LTA

 


Vita vum Här Bernd LÜHRMANN (Dipl.-Ing. agrar FH)

Schwerpunkte des Vortrages von Herrn Bernd Lührmann

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Dag vun der Kooperatioun 2016

dag-vun-der-kooperatioun-2016-sait-1-1D’ONG-D
Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Service Coopération a.s.b.l.

an d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Zenter a.s.b.l.

invitéiere ganz häerzlech op

EN DAG VUN DER KOOPERATIOUN
zugonschte vun de Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der LLJ

e Sonndeg,de 6. November 2016 zu Ell

 

Programm

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

LLJ.News – eng nei sprëtzeg Zeitung fir eis Associatiounen

llj-news-0-2016-klengEng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.” (LLJ) ass fir Oktober 2016 virgesinn. Si gëtt ënner dem Numm “LLJ.News” publizéiert an ersetzt d”Duerf” dann definitiv vum Januar 2017 un.

Wéi eis Presidentin Nelly Meyers an hirem Virwuert vun der 1. Ausgab vum neie Blat geschriwwen huet, wëssen d’Insider, datt eis Associatiounen zënter de Statutenännerungen – déi am Abrëll 2016 op den aussergewéinleche Generalversammlunge beschloss gi sinn – ënnert enger neier Struktur funktionéieren. Dat huet verständlecherweis eng Rei méi oder manner grouss Ännerunge mat sech bruecht. Eng vun dëse siichtbaren Ännerungen huet sech op eis Zeitung, déi ëmmerhi schonn zënter 1945 ënner dem Titel „Duerf“ publizéiert gëtt, ausgewierkt.

No der laanger Zesummenaarbecht mat der KMA, wat déi gemeinsam Publikatioun vum „Duerf“ betrëfft, trennen sech eis Weeër am Januar 2017. An engem Aarbechtsgrupp hu mir äis deemno iwwer d’Joer 2016 erduerch zesummegesat an en neit Konzept fir eis eegen Zeitung ausgeschafft.

Inhaltlech setze mir den Akzent op d’Aktivitéiten, respektiv déi markant Evenementer vun eisen Associatiounen an de regionale Gruppe vun der LLJ – dat mat méi Fotoen, déi fir sech schwätzen – an deemno mat manner Text. Déi regional LLJ-Gruppe wäerten och selwer turnusméisseg déi eng oder aner Säit pro Ausgab gestalten. Verständlecherweis kënnt d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” an Afrika leescht, an déi e wichtege Bestanddeel vun eisen Associatiounen duerstellt, am neien LLJ-News net ze kuerz.

En éischte “Schnupper-Exemplaire” gëtt eise Memberen an Abonnenten deemno am Oktober 2016 zougestallt, éiert et am Januar 2017 da mat deem neie Blat – dat 4 Mol am Joer ënner d’Leit kënnt – weidergeet. Mir hoffen, datt Iech déi nei Zeitung gefält a wënschen Iech elo scho vill Spaass beim Entdécke vun dëser – wéi mir iwwerzeegt sinn – sprëtzeger neier Ausgab vun eisem Verbandsblat.

Wann Dir net Member vun der LLJ sidd an um LLJ.News interesséiert sidd, kënnt Dir äis kontaktéieren:

per E-mail: secretariat@jongbaueren.lu
per Telefon: 44743 – 252 oder
per Fax: 44743 – 563

D’Jorescotisatioun fir d’Memberschaft bei der LLJ, déi en Urecht op 4 Zeitungen/Joer gëtt: 10 €.

Nächst Publikatiounen:

  • 26. Oktober 2016
  • 29. Mäerz 2017
  • 28. Juni 2017
  • 27. September 2017
  • 27. Dezember 2017

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 10/2016

Vduerf-10-2016ill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen – d’LLJ.News – ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp huet sech Gedanken gemaach, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Pressekonferenz zur Image-Campagne „Landwirtschaft“

Galerie mat 19 Fotoen.

A Präsenz vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, de Vertrieder aus der zoustänneger Chamberkommissioun, verschiddenen Acteuren aus der Landwirtschaft, der Press – wéi dem „Lëtzebuerger Journal“, dem „Luxemburger Wort“, dem RTL (Tëlee a Radio) an der Fachzeitung „Ziichter“ – a virun allem … Weider liesen

Downloads, Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

Duerf 09/2016

Vduef-09-2016ill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen – d’LLJ.News – ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach e bëssen Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen