Conveniat vum Grupp, deen 1988 am Zaïre d’Centres de Formation Rurale vu Lwono an N’sele Mwedi besicht huet

Treffe - Grupp Zaïre 1988 - 10-04-2015Am Kader vun enger sympathescher Soirée, hunn sech d’Ancienë vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – déi am Dezember 1988 un der sougenannter “3. Afrika-Expeditioun” bedeelegt waren – den 10. Abrëll 2015 am Restaurant Arthur zu Ettelbréck getraff, fir sech no laange Joren zréckzegesinn, e puer flott Stonnen a gemittlecher Ronn ze verbréngen an d’Erënnerungen opzefrëschen.

Zesumme mat hirem Nationalaumônier, dem Abbé Léon Kirsch, hu si sech deemools op de Wee an de Zaïre (haut Demokratesch Republik Kongo) gemaach, fir sech e Bild vun der Kooperatiounsaarbecht ze maachen, déi d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an de “Centres de Formation Rurale” zu Lwono an zu N’sele Mwedi geleescht hunn.

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Eis Generalversammlungen 2015 op ee Bléck

Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun de Generalversammlungen 2015 (regional Gruppen, national Verbänn, ONG-D), deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi respektiv Datumer festgeluecht sinn:

Regional GruppenDatumWou?
LLJ - JB & JW Cliärref28.03.2015Am Sall zu Eselbuer
LLJ - JB & JW Dikkrich20.02.2015Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
LLJ - JB & JW Furen13.03.2015Am Bau zu Furen
LLJ - JB & JW Maacher27.03.2015'Op der Knupp' am Café Weydert zu Dickweiler
LLJ - JB & JW Süden06.03.2015An der Hal vun der 'Union des Bons Amis' zu Diddeleng
LLJ - JB & JW Uewersauer 28.02.2015Um Schumann
LLJ - JB&JW Zenter27.02.2015An der Millen zu Biekerech
National Associatiounen DatumWou?
LLJ a.s.b.l.24.04.2015Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LJB & JW a.s.b.l.24.04.2015Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LLJ - JB & JW a.s.b.l.24.04.2015Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
ONG-DDatumWou?
LJB & JW - Service Coopération a.s.b.l.30.03.2015Am Sall vun der ErwuesseBildung am Centre Convict an der Stad

LLJ, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 3/2015

Duerf 3-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg as

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vun der Landjugend Furen

Furen - Scheckiwwerreechung 2015 - 2Och dee regionale Landjugendgrupp Furen huet op en Neits seng Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika mat engem Scheck vu 5.000 € ausgedréckt.

Op der dësjäreger uerdentlecher Generalversammlung, op déi de Comité d’Memberen an déi Interesséiert e Freideg, den 13. Mäerz 2015 op Furen ‚an de Bau‘ invitéiert hat, huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D, de Scheck entgéint geholl, an dem Comité vun deene Furener säi grousse Merci fir dës aussergewéinlech héich Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht ausgeschwat.

De Patrick Coenjaerts, President vum dynamesche Landjugendgrupp, huet betount, datt dëse Scheck en Deel vum Erléis vum 40. Landjugenddag duerstellt, deen déi Verantwortlech mat de mannerbemëttelte Populatiounen an Afrika deele wëllen. Bekanntlech huet d’Landjugend Furen d‘Jubiläumseditioun vum Landjugenddag (2014) am Parc Housen mat groussem Succès organiséiert.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vum Grupp e ganz ganz grousse Merci, fir hir Generositéit!

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Furen | Kommentar hannerloossen