D’Assurances Foyer Claire Schumacher et Associés ënnerstëtzen d’Kooperatiounsaarbecht vun de LJB & JW an Afrika

E Freideg, den 28.DSC_1550 - 3 Februar 2014 hunn den Här an d’Madame Majerus-Schumacher vun den Assurances Claire Schumacher et Associés (Agence principale Foyer) sech am Centre Convict mam Abbé Romain Richer, President, Jacqueline Monville, Chargée de projets, a François Glodt, Sekretär, getraff fir sech iwwer déi rezent Kooperatiounsprojeten an Afrika vun der ONG-D ze informéieren.

Bei där Geleeënheet hunn si dem Abbé Romain Richer e Scheck am Wäert vun 1.000 € iwwerreecht, fir d‘Aarbecht am Interessi vum mannerbemëttelte Bauerestand am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.  Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

E wonnerbare Gest vun de Fentenger Gesangveräiner

IMG_6214 - 2Am Kader vun enger sympathescher Feier, op déi d’Chorale CANTABILE an de Kanner- a Jugendchouer Les Allouettes an déi Nei Schoul op Fenteng agelueden haten, hunn déi béid Gesangveräiner de 25. Februar 2014 déi impressionant Zomm vun 9.000 € un dräi Associatioune fir hir respektiv Wierker iwwerreecht.  

A Präsenz vum Här Buergermeeschter Marc Lies, konnten deemno jeeweils 3.000 € un d’Vertrieder vun der Associatioun ALAN a.s.b.l. (Association Luxembourgeoise d’aide pour les personnes Atteintes de maladies Neuromusculaires et de maladies rares), der Fondation Cancer, an der ONG-D Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. weidergeleet ginn. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 2/2014

Duerf 2-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen