Visite de suivi 2014 vum Kooperatiounsprojet CTAA

Départ pour le Burkina - 08-02-2014Zesumme mam Abbé Romain Richer (r.), President vun der ONG, sinn d’Madame Jacqueline Monville (2.v.l.), Chargée de projets, an d’Häre Marcel Scheidweiler (4.v.l.), Member vum Conseil d’administration, a Carlo Schiltges (3.v.l.), Vize-President, den 8. Februar 2014 vum Findel aus, fir 14 Deeg an de Burkina Faso geflunn.

Um Programm vun der Rees steet virun allem de Suivi vum Kooperatiounsprojet CTAA (Centre technique d’amélioration de la traction asine), deen d’ONG zënter 2008 mam lokale Partner Mains Unies du Sahel zu Imasgo realiséiert a vum Lëtzebuerger Ministär fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef – an eise generéisen Donateuren – ënnerstëtzt gëtt. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Entrevue mam neie Landwirtschaftsminister

IMG_2521 - klengEn Dënschdeg, den 28. Januar 2014 huet sech de Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer (Jeff Boonen, Charel Etringer, Christian Hahn, Jean-Michel Neser, Franky Peller, Fränz Schlechter) zesumme mam Abbé Romain Richer, President vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” eng éischte Kéier mam neie Landwirtschaftsminister Fernand Etgen a mat Zoustännegen, resp. Vertrieder aus dem Landwirtschaftsministär an de staatleche Verwaltunge getraff.

Um Gespréichsdësch am Landwirtschaftsministär souzen d’Hären Léon Wietor, Direkter vun der ASTA, Pierre Treinen, Direkter vum SER,  Dr. Felix Wildschutz, Direkter vun der Inspection vétérinaire, Georges Fohl vum Office national du Remembrement an André Van den Dries, 1er Conseiller de gouvernement.

Folgend Themen stounge während der interessanter Entrevue um Ordre du jour: neit Agrargesetz a Plan de développement rural, Primerechter, Neiregelung vum Landmaart, Stäerkung vun der landwirtschaftlecher Forschung an dem Wëssenstransfert, Nitratdirektiv, gesond Véibestänn,… an d’Kooperatiounsaarbecht, déi d’ONG vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am ländleche Raum am Kongo, am Burkina Faso an am Kamerun leescht.

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 1/2014

Duerf 1-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen

Duerf 11-12/2013

Duerf 11-12_2013Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen

Adventsbazar vun de Fentenger Gesangveräiner fir e gudden Zweck

Adventsbazar 2013D’Chorale “Cantabile” an de Kanner a Jugend-Chouer “Les Alouettes” invitéieren op hire 34. Adventsbazar, e Samschdeg, den 30. November 2013 (14:00 – 19:00 Auer) an e Sonndeg, den 1. Dezember 2013 (11:00 – 19:00 Auer) an der Primärschoul zu Fenteng.

De gréissten Deel vum Erléis vum Bazar ass fir d’Wierker vun der Association ALAN, der Fondation Cancer an der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” bestëmmt.

Downloads, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Adventsbazar vun de Fentenger Gesangveräiner fir e gudden Zweck