Landjugenddag 2012

Galerie mat 119 Fotoen.

D’Lëtzebuerger Landjugend Maacher huet de 17. Mee 2012 op Rouspert op den 38. Landjugenddag invitéiert. Niewent ville Frënn a Ancienë vun der Lëtzebuerger Landjugend waren op en Neits vill Jugendgruppen aus dem Land um Dill fir um beléiften Treff vun … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ Maacher | Méi Gallerien | Comments Off on Landjugenddag 2012

Réckbléck op d’Generalversammlungen 2012 vun eise Verbänn

Galerie mat 25 Fotoen.

Impressiounen vun den uerdentleche Generalversammlungen 2012 vun den A.s.b.l.en “Lëtzebuerger Landjugend”, “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” an der Daachorganisatioun  “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer”, déi e Freideg, de 4. Mee am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu  Ettelbréck ofgehale goufen.

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlungen 2012 vun eise Verbänn

Duerf 4/2012

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Comments Off on Duerf 4/2012

ONG-News 2012

Rezent Informatiounen zu der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” fënnt deen Interesséierten am ONG-News 2012.

Downloads, LLJ – Service Coopération | Comments Off on ONG-News 2012

Réckbléck op d’Generalversammlung 2012 vun der ONG

Galerie mat 18 Fotoen.

En Dënschdeg, de 27. Mäerz huet de Conseil d’administration vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ op déi uerdentlech Generalversammlung vum Joer 2012 an de Centre Convict agelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de Vizepresident Carlo Schiltges, … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlung 2012 vun der ONG

Scheckiwwerreeschung am Kader vun der Generalversammlung vun der Landjugend Uewersauer

Eemol méi huet d’Landjugend Uewersauer hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika duerch e generéise Geste zum Ausdrock bruecht. Si huet am Kader vun hirer Generalversammlung, déi den 3. Mäerz 2012 am Café ‘Op der Féitsch’ zu Allerbuer ofgehale gouf, e Scheck am Wäert vun 1.300 € un den Abbé Romain Richer, Nationalaumônier vun der LLJ – JB&JW, fir d’Kooperatiounsaarbecht vum Service Coopération vun de LJB&JW iwwerreecht.  Am Numm vun dee Benefiairen seet de Verwaltungsrot vun der ONG deem dynamesche Grupp e ganz grousse Merci!

LLJ Uewersauer | Comments Off on Scheckiwwerreeschung am Kader vun der Generalversammlung vun der Landjugend Uewersauer

Duerf 3/2012

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Comments Off on Duerf 3/2012

Offre d’emploi

L’ONG-D
Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
Service Coopération a.s.b.l.

engage pour la gestion et le suivi de ses
projets de coopération au développement

1 PERMANENT (m/f)

20 heures/semaine CDD (1 an) au plus tôt possible
(avec possibilité d’évolution en CDI)

Profil :

Titulaire d’un diplôme supérieur (bac +2 minimum)
Expérience professionnelle de minimum 2 ans dans une fonction similaire
Maîtrise du luxembourgeois et du français (indispensables), allemand
Autonome, organisé(e), impliqué(e), orienté(e) vers les résultats

Les demandes avec CV, copies des diplômes ou attestations sont à envoyer jusqu’au 30 mars 2012 à :

Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer
Service Coopération a.s.b.l.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Offre d’emploi