Kategorie-Archiv: Downloads

Manifestatioun géint d’Fräihandelsofkommes TTIP, den 10. Oktober 2015

Stop TTIPD’Memberassociatiounen vun der Platform géint  TTIP/TAFTA ruffen op zur massiver Bedeelegung un der Manifestatioun: 

fir d’Oprechterhale vun de Valeuren vun der Demokratie an de Sozial-, Ëmwelt- a Verbraucherschutzstandarden:

den 10. Oktober 2015 um 11:00 Auer op der Place Clairefontaine an der Stad.

Kommt maacht mat, fir datt déi säit Jorzéngten erkämpften Acquisen net verwässert ginn: Detailer zu der Manifestatioun

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Duerf 9/2015

Duerf 09-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 7-8/2015

Duerf 7-8_2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

De CEJA-Seminar an der Lëtzebuerger Press

CEJA-Kongress 02-07-2015_064Bekanntlech hunn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an de Service Jeunesse vun der Centrale Paysanne hir europäesch Kollegen vum 1. bis 3. Juli 2015 op Lëtzebuerg op e CEJA-Seminar zum Thema “Empowering young farmers – A pillar of Europe 2050 ” agelueden.

Deen Interesséierte fënnt hei eng Rei Reaktiounen zum Treffe vun de Vertrieder vun den europäische Jongbauerenorganisatiounen, déi an der Lëtzebuerger Press ze fanne waren:

 

Luxemburger Wort (9. Juni 2015): Hinterm Horizont geht’s weiter
Revue (27/2015): Wo steuert die Landwirtschaft hin?
RTL – Emissioun (7. Juli 2015): Den Invité vun der Redaktioun (Jeff Boonen)
Allianz (9. Juli 2015): CEJA-Seminar in Ettelbrück war ein voller Erfolg
Lëtzebuerger Bauer (10. Juli 2015): Europäische Junglandwirte zu Gast in Luxemburg
Lëtzebuerger Bauer (31. Juli 2015): CEJA-Konferenz in Luxemburg

 

CEJA, Downloads | Kommentar hannerloossen

Den Abbé Jean-Marie Konkobo op Besuch zu Lëtzebuerg

IMG_4766 - 2E Méindeg, de 27. Juli 2015 konnt den Abbé Jean-Marie Konkobo – dee bis Enn August 2015 an enger Par an der Géigend vun Angoulème, an der Charente, aushëlleft – kuerz um Siège vun der ONG-D am Centre Convict begréisst ginn. Hien ass den Initiator vun engem Kooperatiounsprojet, deen de Comité Villageois de Dévoloppement (CVD) vu Zambélé mat der Hëllef vun eiser ONG-D an der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär vu Mëtt September 2015 un zu Zambélé am Burkina Faso realiséiert.

Am Projet ass den Ausbau vun de bestehenden Infrastrukturen vun der Primärschoul an d’Versuerge vum Duerf mat Drénkwaasser virgesinn. De Projet beziffert sech op insgesamt 124.713,39 € a gëtt zu 75 % vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär cofinanzéiert: Descriptioun vum Projet

Op der Foto (v.l.n.r.): Marie-Antoinette Scheidweiler-Recken, Marcel Scheidweiler, Abbé Jean-Marie Konkobo, François Glodt

 

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 6/2015

Duerf 06-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 5/2015

Duerf 5-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen