Nei Bestëmmungen zum Dateschutz

Wichteg Informatioun fir d’Membere vun der LLJ a.s.b.l, fir d‘Abonnenten vum LLJ.News a fir d’Memberen oder d’Donateure vun der ONG

Am Hibléck op déi ustehend Ëmsetzung vun den EU-Bestëmmungen zum Dateschutz (25. Mee 2018) wëlle mir heimat de Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l., den Abonnente vum LLJ.News an de Memberen/Donateure vun der ONG Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. versécheren, datt mir an eisen Datebanke just déi néidegst Informatiounen iwwer si féieren an och weiderhi keng sensibel Date sammele wäerten.

Deemno stinn an deene respektiven Datebanke just den Numm, de Virnumm, d’Adress a – wa verfügbar – d’Email-Adress vum LLJ-Member, vum Abonnent vum LLJ.News oder vum Member/Donateur vun der ONG.

Vun de Comitésmemberen aus deene 7 regionalen LLJ-Gruppen – déi domat och Member vum Nationalcomité vun der LLJ a.s.b.l. sinn –  si mir dësweidere verflicht, fir de Gebuertsdatum an d’Land/d‘Uertschaft, wou de Member gebuer ass, unzefroen. Dës Donnéeë musse bei den alljäerleche Modifikatiounen um Registre de Commerce et des Sociétés (RCSL) agedroe ginn.

Jiddereen, deen net méi an eisen Datebanke gefouert wëllt ginn, kann äis gäre kontaktéieren, fir datt mir hien direkt am Fichier suppriméieren: per Email secretariat@jongbaueren.lu oder per Bréif un LLJ a.s.b.l., 5 avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg. Aus verständleche Grënn kann dës Ufro net iwwer Telefon gemaach ginn. Mir bieden ëm den néidege Versteesdemech.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit mam Burkina Faso vun der LLJ Cliärref an dem Lely Center Urspelt

Am Kader vun der dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. konnt de Romain Richer, President vun eiser Hëllefsorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. direkt 2 Schecken fir d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso entgéint huelen.

Iwwer dee Wee ass deemno engersäits déi impressionnant Zomm vu 4.500 € un d’ONG gaangen, déi um Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017, vum regionale Landjugendgrupp erwirtschaft gouf.

Dësweidere huet den Här Luc Van Laar vum Lely Center Urspelt a fréiere Member vun der LLJ Cliärref, d‘ONG mat engem Scheck vun 1.250 € ënnerstëtzt. Dës Zomm kënnt aus dem Erléis vum Buffet vun der Feier zum 10. Anniversaire vum Betrib.

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir der Equipe ronderëm de Fränz Schlechter, President vun deene Cliärrefer, an deene Verantwortleche vum Lely Center Urspelt, e ganz grousse MERCI fir dës wonnerbar Geste vu Solidaritéit mat de mannerbemëttelte Bauerefamilljen am Burkina Faso.

Fotoen: Chris Bewer

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

D’Aktioun “Fro de Bauer”

Wann aus enger Iddi beim Patt eng flott Initiativ gëtt

 

Ech erënnere mech nach gutt drun, wéi mir beim Patt souzen a gesot hunn, et misst een eppes maachen. Dat heescht, eppes ënnerhuelen, fir de Bauer aus senger defensiver Haltung – géintiwwer deem ëmmer méi kritesche Konsument – an d’Offensiv ze goen:

  1. Fir de Leit emol erëm d’Fakten aus der Landwirtschaft méi nozebréngen, amplaz se gleewen ze loossen, déi Reklammen op der Tëlee géifen d’Realitéit erëmspigelen,
  2. fir de Konsumenten erëm ze weisen, wou a wéi hir Liewensmëttel entstinn a wéi dës Produktiounen eis Kulturlandschaft prägen.


Nom Start vum 27. September 2016, kann ee soen, dat ass äis gegléckt!

Eis Panneau-Aktioun, zwecks Sensibiliséierung, déi schonn 2 x während 2 Méint uechter d’Land ze gesi war, ass gutt bei de Leit ukomm. Dës Panneaue koumen och ëmmer erëm bei aneren Aktivitéiten zum Asaz. Donieft hu mir Bäiträg iwwert a ronderëm d’Landwirtschaft op eiser Facebooksäit, wéi och um Internetsite www.fro-de-bauer.lu gedeelt. Dës Bäiträg hu bis zu 20 000 Leit erreecht. Weider liesen

LLJ, LLJ - Fro de Bauer | Kommentar hannerloossen

Schéine Gest vun der LLJ Maacher zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) huet de Comité vum regionale Landjugendgrupp “Maacher” dem Romain Richer, President vum Service Coopération vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, e Scheck vu 750 € iwwerreecht.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir deene Jonken ronderëm hire President Charel Etringer (op der Foto an der 1. Rei riets op de Knéien) e grousse Merci fir dës schéin Ënnerstëtzung  vun Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso.

Foto: Laurent Schiltz

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Maacher | Kommentar hannerloossen

Gewënner vun der Après-Ski Party

Gewënner vun der Après-Ski Party, déi de 17. Februar 2018 vun der LLJ Maacher zu Hierber organiséiert ginn ass:

1. Präiss (75 €): Nr. 222
2. Präiss (50 €): Nr. 164
3. Präiss (25 €): Nr. 40

D’Gewënner kënnen sech direkt mat der Gruppesekretärin a Verbindung setzen: Tel. 691 117 954

 

LLJ Maacher | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vun der LLJ Dikrich

Am Kader vun hirer dësjäreger Generalversammlung, déi de 16. Februar 2018 am d’CONVIS-Gebai zu Ettelbréck ofgehale ginn ass, hunn déi Verantwortlech vum regionale Landjugendgrupp Dikrich e generéise Scheck vun 1.000 € un d’Fondatioun “Kriibskrank Kanner” iwwerreecht.

Op der Foto ass dësweideren dee klenge Pedalo-Trakter ze gesinn, deen de Grupp den 2. Abrëll 2017 bei Geleeënheet vun der Sensibiliséierungsaktioun – dem sougenannte “Bauerenhaff an der Stad” – gesteet huet. D’Stee ass deemools vun “Agri-Distribution Wolff-Weyland” zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.” organiséiert ginn.

Mir soen de Verantwortleche vum Grupp e grousse MERCI fir hieren Asaz fir déi gutt Saach.

 

LLJ Dikrich | Kommentar hannerloossen

Generéise Scheck vun der APELTA

E Mëttwoch, den 28. Mäerz 2018 huet d’Elterevereenegung APELTA (Association des Parents d’Élèves du Lycée Technique Agricole) op Ettelbréck an de Lycée agelueden, fir a Präsenz vum Här Direkter Tom Delles (1.v.r.) e generéise Scheck am Wäert vun 2.550 € un d’Vertrieder vun eiser ONG, dem President Romain Richer (2.v.l.) an dem Vizepresident Carlo Schiltges (1.v.l.), ze iwwerreechen.

E weidere Scheck vun 3.050 € ass bei där Geleeënheet un d‘Verantwortlech vun der A.s.b.l. „Häerzkrank Kanner Lëtzebuerg“ gaangen.

Den Total vun dësen Zomme konnt um Chrëschtmaart 2017 erwirtschaft ginn, deen den 1. Dezember 2017 vun der  Elterevereenegung an Zesummenaarbecht mat de Schüler am Interessi vun der gudder Saach organiséiert ginn ass.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der Presidentin vun der APELTA, der Madame Patricia Pletgen-Kelders (4.v.l), dem Här Delles an dem President vum Schülercomité, dem Tom Poeker (3.v.l.), e grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest zugonschte vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso.

Foto: Marc Kails, LTA

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

LLJ.News 1/2018

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.1/2018) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm den 9. Mäerz 2018 mat der Post zougestallt.

Wéi gewinnt gi mir an dëser Zeitung nees op déi wichteg Aktivitéiten an Evenementer an, déi an deene leschte Wochen innerhalb vun der Associatioun organiséiert gi sinn:

  • den Neijoerschpatt, op deen d’LLJ Süden, d’Memberen a Frënn vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op Wickreng invitéiert hat (26.01.2018),
  • d’Aarbecht ronderëm d’Zuucht vu Fleeschrasse vum jonken Aarbechtsgrupp “Fleeschranner-Jongziichter”,
  • d’Ëmsetzung vun der Sensibiliséierungsaktioun “Fro de Bauer”,
  • d’Generalversammlungen 2018 vun de regionale Landjugendgruppen, der LLJ a.s.b.l an der ONG,
  • den Debriefing vum “Burkina Dinner”,
  • den 1. Deel vum Bericht iwwer déi sougenannt “Visite de coopération” am Burkina Faso, deen den Interesséierten d’Méiglechkeet gebueden huet, fir en Abléck an d’Kooperatiounsaarbecht ze kréien, déi d’ONG mat hire lokale Partner am Burkina Faso realiséiert.

 

Dësweidere freet sech d’LLJ Cliärref (Säite 4 – 5) op déi 44. Editioun vum Landjugenddag, op deen si d’Jugend aus dem Land dës Kéier op Ischpelt invitéiert (10.05.2018). Och d’LLJ Süden ass voll an de Preparatiounen fir e grousst Evenement an invitéiert elo schonn op hir Ploumeeschterschaft, déi de 26. August 2018 zu Käerch organiséiert gëtt (Säit 10).

Wann Dir un eiser Verbandszeitung interesséiert sidd, kënnt Dir äis gäre kontaktéieren: per Tel. 44743 – 252 oder per E-Mail secretariat@jongbaueren.lu

 

LLJ | Kommentar hannerloossen