Solidaresch Landwirtschaft (CSA) – E Modell fir eng fair, kooperativ an ekologesch Landwirtschaft?

CSA5D’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a vum Oekozenter Pafendall zesumme mam Mouvement Ecologique invitéieren op hier Konferenz:

Solidaresch Landwirtschaft (CSA) – E Modell fir eng fair, kooperativ an ekologesch Landwirtschaft? Eng reell Chance fir de Bauer?

Am Montag, den 11. Juli 2016 ab 9:30 Uhr im Festsaal des Lycée Technique Agricole in Ettelbrück (72 av. Lucien Salentiny, 9080 Ettelbruck)

Weider liesen

Downloads, Ekologesch Landwirtschaftsberodung | Kommentar hannerloossen

Duerf 6/2016

Duerf 6-2016Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Vereinfachung vun der Struktur vun der LLJ

LLJ - AG 2016_028Opgrond vun den Iwwerleeungen, déi de 14. Mäerz 2015 op der “Journée de réflexion” zu Miedernach an an den doraus ervirgaangenen Aarbechtsgruppen (Sekretariat, Verbandszeitung, Sensibiliséierungsaarbecht am Kader vun der ONG-D) gemaach gi sinn, ass – ënner anerem – proposéiert ginn, fir d’Struktur vun der “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer” un déi aktuell Gegebenheeten unzepassen.

Déi definitiv Decisioun, fir dëse Schratt ze goen, gouf op den dësjärege  Generalversammlunge vun de regionale Gruppen, resp. Memberorganisatiounen (Cliärref, Dikkrich, Furen, Maacher, Süden, Uewersauer, Zenter) a vun der ONG-D zur grousser Majoritéit ugeholl.

Deemno sinn op den extraordinäre Generalversammlungen, déi de 15. Abrëll 2016 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale goufen, ënner anerem d’Opléisung vun der “Lëtzebuerger Landjugend a.s.b.l.” an der Daachorganisatioun “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l.” virgeholl ginn. D’Elementer, déi déi béid Associatiounen ausgemaach hunn, sinn an den iwwerschaffte Statute vun de “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” verankert. Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 5/2016

Duerf 5-2016Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Landjugenddag 2016

Landjugenddag 2016D’Lëtzebuerger Landjugend Zenter

invitéiert ganz häerzlech op den

42. Landjugenddag zu Biekerech

op Christi-Himmelfahrt, en Donneschdeg, de 5. Mee 2016

 

Thema: “Kommt an de Wëlle Westen – Do wëlle mir Iech testen”

Programm

 

D’Wuert vum President Fränz Kass vun der Landjugend Zenter

De Landjugendgrupp Zenter an Organisator vum 42. Landjugenddag stellt sech vir

D’Wuert vum Buergermeeschter Thierry Lagoda

Am Kader vum 42. Landjugenddag: d’Gemeng Biekerech stellt sech vir

Ukënnegung vum Landjugenddag 2016 am “Wort”

 

Downloads, LLJ, LLJ Zenter | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vum “Bazar de Solidarité” vu Bouneweg

Bazar de la solidaritéE Freideg, de 15. Abrëll 2016 hunn déi Verantwortlech vum “Bazar de Solidarité” vun der Par Bouneweg op hir Scheckiwwerreechungen an de Foyer paroissial agelueden.

Niewent de generéise Schecken, déi un d’Associatiounen “Aktioun-ABC”, “Bonnievale-Project”, “PPPE A.s.b.l.” a “Fond Wonschstäer” gaange sinn, krut d’Vizepresidentin vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” e Scheck am Wäert vun 2.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht an Afrika iwwerreecht.

D’Madame Marie-Claude Dornseiffer-Marx (1.v.l.) huet deene Verantwortleche vum “Bazar de Solidarité” am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D hire grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an ënnerstrach, datt déi gespente Suen integral an d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun” fléissen.

Informatiounen zu der Aktioun am Interessi vun de Frae vu Soa fënnt deen Interesséierten an dësem Flyer.

Foto: Gilbert Linster

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 4/2016

Duerf 4-2016Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir (nach bis Dezember 2016) an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi zesumme mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

b|u|s-Fest 2016

Grenzenlos 2016 Unter dem Motto „Grenzenlos“ laden wir Euch ganz herzlich zum b|u|s Fest 2016 ins Dreiländereck Deutschland-Belgien-Luxemburg ein.

GRENZENLOS

  • bezieht sich auf den Veranstaltungsort im Dreiländereck der Eifel-Ardennen-Region
  • spiegelt sich im abwechslungsreichen Veranstaltungsprogramm wider, das über die Grenzen hinaus Horizonte erweitert
  • heißt auch: Grenzen erkennen, akzeptieren und überwinden, über den Tellerrand schauen, offen sein für neue und gute Ideen
  • ist auch unser Orga-Team, denn erstmalig kommen die Mitglieder aus drei verschiedenen Ländern

Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen