21. Mee 2015
Heimat invitéiert d’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zesumme mam Oekozenter Pafendall op hir Dagesexkursioun op d’Journée Technique INNOV’ACTION op Haroué, en Donneschdeg, de 4. Juni 2015.
Et geet um 7:00 Auer zu Ettelbréck mam Bus fort, resp. um 07:45 vum P&R Howald Süd. Um 18:00 Auer maache mir äis vun dohannen erëm op de Réckwee.
Um Versuchsbetrib vun der louthrengescher Landwirtschaftskammer ginn innovativ landwirtschaftlesch Techniken a Forschungsprojete souwuel aus der konventioneller, ewéi och aus der biologescher Landwirtschaft virgestallt. Dozou ginn et iwwert de ganzen Dag verdeelt Konferenzen, Schauversich an Erfarungsberichter vu Baueren zu de Schwéierpunkten: Weider liesen →