Duerf 4/2014

Duerf 04-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Den LJB&JW-President Jeff Boonen am Kloertext vum “Journal”

Journal 18-04-2014An der Rubrik Kloertext vum Lëtzebuerger Journal  vum Freideg, dem 18. Abrëll 2014 huet de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, Stellung geholl zu der Agrarpolitik, déi – iwwer d’Agrargesetz eraus – gebraucht gëtt, fir jonke Mënschen aus dem landwirtschaftleche Sektor, laangfristeg Perspektiven ze bidden.

Artikel aus dem Lëtzebuerger Journal vum 18. Abrëll 2014

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Gewënner vum Huesebal

HuesebalGewënner vun der Tombola vum Huesebal, deen den 11. Abrëll 2014 vun der Landjugend Maacher zu Ouljen organiséiert gouf:

1. Präis: No 237
2. Präis: No 182
3. Präis: No   69

D’Gewënner kënne sech mat der Gruppesekretärin iwwer d’Telefonsnummer 691 791 572 a Verbindung setzen.

 

LLJ Maacher | Kommentar hannerloossen

De President Jeff Boonen am “Journal”

Journal 09-04-2014An der Editioun vum 9. Abrëll 2014 vum “Lëtzebuerger Journal” huet de Jeff Boonen, LJB&JW-President, Stellung geholl zu der Reform vun der Agrarpolitik, zu den Erausfuerderungen, déi an deenen nächste Joren op déi jonk Baueren zoukommen, an d’Fuerderungen opgelëscht, déi d’LJB&JW am Moment un d’Politik stellen, fir de Weiderbestand vun de landwirtschaftleche Betriber ze garantéieren. Den Interview mam Jeff Boonen fannt Dir op der Säit 4 (vum Nico Pleimling).

Dee ganzen Dossier ënner dem Titel “Bauer sucht Nachwuchs” kann op de Säiten 1 (Titelsäit), 3 (Bürde oder Berufung), 4 (Druck von allen Seiten) a 5 (Die Zukunft verlangt nach Qualität) nogelies ginn.

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Béierkëschte-Stapel-Concours

Béierkëschte-StapelenD’Landjugend Uewersauer invitéiert all d’Landjugendgruppen op hire Béierkëschte-Stapel-Concours, e Sonndeg, de 27. Abrëll 2014 zu Näertrech an der Hal vun Nico Eschette.

Um 11:00 Auer: Apéro mat uschléissendem Mëttegiessen.

Umeldung bis den 19. Abrëll 2014 bei der Gruppesekretärin um Tel. 691 867 221.

LLJ Uewersauer | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vun der LLJ Cliärref

DSCF4528 - 2Bei Geleeënheet vun hirer dësjäreger Generalversammlung – déi e Samschdeg, den 29. Mäerz 2014 am Sall zu Eselbuer ofgehale ginn ass – huet de regionale Landjugendgrupp “Cliärref” dem Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”, e Scheck am Wäert vun 1.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht iwwerreecht. Mat dësem schéine Gest huet den dynamesche Landjugendgrupp op en Neits seng Solidaritéit mat der mannerbemëttelter Landbevëlkerung an Afrika zum Ausdrock bruecht. Am Numm vum  Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vun deene Cliärrefer e ganz grousse Merci.

Foto: Viviane Braquet

LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

Duerf 3/2014

Duerf 3-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen