Duerf 11-12/2012

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Kommentar hannerloossen

Theaterowender zu Branebuerg

D’Landjugend Furen invitéiert ganz häerzlech op dee lëschtegen 3-Akter “De Rass am Film“, deen e Samschdeg, de 24. November 2012, e Samschdeg, den 1. Dezember 2012 an e Sonndeg, den 2. Dezember 2012, am Festsall zu Branebuerg opgefouert gëtt.

Reservatioun um Tel. 83 40 20.

LLJ Furen | Kommentar hannerloossen

Aktioun “100 Kassine fir de Burkina Faso”

Am Hibléck op d’Maximéierung vun den Erträg soll d’Aarbecht mat der Kassin fir vill  Produzente vum Plateau central am Burkina Faso erméiglecht ginn.

Zënter Januar 2008 ënnerstëtzt d’ONG de lokale Partner “Association Les Mains Unies du Sahel” (AMUS) bei der Ëmsetzung vum Kooperatiounsprojet “Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine” (CTAA) zu Imasgo am Burkina Faso. Bis Dezember 2012 ginn/goufe ronn 1.000 Baueren aus deene véier “Comités Villageois de Développement” (CVD) – Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna – déi enk mam CTAA zesummeschaffen, am fachgerechten Ëmgang mam Iesel an dem Uspane vun der Kassin vu Moniteuren vum Zentrum ausgebilt.

Mat der Aktioun “100 Kassinen” well d’ONG nach méi Produzenten d’Méiglechkeet bidden, fir op dat interessant Aarbechtgeschir zréckzegräifen. Dat am Moment verfügbart Material (9 Kassinen) vun de Produzente vun Imasgo, Tiogo, Koalma a Sabouna soll op 20 Stéck pro CVD eropgestockt ginn a weidere Bauerenorganisatiounen – déi Interessi un de Formatiounen vum CTAA gewisen hunn – soll d’Geleeënheet gebuede ginn, fir hire Memberen eng Kassin bei Bedarf zur Verfügung ze stellen. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Receptioun bei Geleeënheet vun der Hochzäit vun H.A.R. dem Grand-Duc Héritier Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy

Galerie mat 4 Fotoen.

Bei Geleeënheet vun der Hochzäit vun H.A.R. dem Grand-Duc Héritier Guillaume an der Comtesse Stéphanie de Lannoy, huet d’Lëtzebuerger Regierung d’Vertrieder vun de Jugendorganisatiounen op eng Receptioun  agelueden, déi den 19. Oktober 2012 a Präsenz vun der jonker Koppel am … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

30. Concours du Meilleur Juge

De Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer invitéiert ganz  häerzlech op den 30. Concours du Meilleur Juge, e Samschdeg, den 10. November 2012 um 20:00 Auer um landwirtschaftleche Betrib Mathieu Van Laar zu Ischpelt (64, beim Schlass, L-9774 Urspelt).

LLJ - Grupp Zuucht | Kommentar hannerloossen

Duerf 10/2012

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Comments Off on Duerf 10/2012