40 Joer Landjugend Cliärref

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Cliärref huet hir Memberen a Frënn, e Sonndeg, de 4. Dezember 2011 op e Konveniat am Kader vun hirem 40. Anniversaire invitéiert: Programm, Usprooch vum Ronny Turmes, President      

LLJ Cliärref | Méi Gallerien | Comments Off on 40 Joer Landjugend Cliärref

Duerf 11-12/2011

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads | Comments Off on Duerf 11-12/2011

Stellenangebot

Die Vereinigungen Oeko Zenter Lëtzebuerg a.s.b.l. und “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer a.s.b.l.” suchen ab sofort eine(n)

Ökologische(n) Landwirtschaftsberater(In)

Ihre Profil und Ihre Aufgaben – Wir bieten

Bitte senden Sie Ihre Bewerbungen mit CV und Zeugnissen bis zum 5. Dezember 2011 an: OekoZenter Lëtzebuerg – Jongbaueren a Jongwënzer – 4, rue Vauban – L-2663 Luxembourg

LLJ | Comments Off on Stellenangebot

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2011

Galerie mat 43 Fotoen.

A Präsenz vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider, dem Delegéierte Minister fir nohalteg Entwécklung Marco Schank, enger grousser Zuel vun Autoritéiten aus der Politik an de beruffsspezifesche Verwaltungen a ville Frënn a Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend … Weider liesen

LLJ | Méi Gallerien | Comments Off on Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2011

Landjugendkalenner 2012

Galerie mat 13 Fotoen.

Mir weisen drop hin, datt eng nei flott Oplag vum beléifte Landjugendkalenner disponibel ass. De Kalenner fir d’Joer 2012 kann iwwer dëse Formular bestallt ginn. No der Iwwerweisung op de CCPLLULL IBAN LU17 1111 2311 3177 0000 vun der Lëtzebuerger … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Landjugendkalenner 2012

ONG – Dépliant

Zënter méi wéi 50 Joer sinn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer an der Kooperatiouns­aarbecht an Afrika aktiv.

De Schwéierpunkt vun hirer Interventioun läit op der Entwécklung vum ländleche Raum. D’Zilgrupp ass déi bäuerlech Bevëlkerung.

Vill weider Informatiounen zu der Kooperatiouns­aarbecht vun der ONG fënnt een am ONG-News an ënner dësem direkte Link.

LLJ – Service Coopération | Comments Off on ONG – Dépliant

Theater-Owender zu Branebuerg

D’Landjugend Furen invitéiert häerzlech op hir Theaterowender zu Branebuerg, e Samschdeg, den 19. November, e Samschdeg, de 26. November an e Sonndeg, de 27. November 2011.

Keess um 19:30 Auer – Rideau um 20:15 Auer – Reservatiounen um Tel. 83 40 20

LLJ Furen | Comments Off on Theater-Owender zu Branebuerg

Duerf 10/2011

Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 am Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

D’Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 – 252 oder iwwer E-mail: landju@pt.lu. Joresabonnement: 12,00 €

Downloads | Comments Off on Duerf 10/2011

De Jeff Boonen zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt

Am Nationalkomitee vum 11. Oktober 2011 gouf de Jeff Boonen eestëmmeg zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt. De Jeff iwwerhëllt deemno d’Responsabilitéit vum Verband, déi zënter dem Oktober 2007 vum Christian Hahn gedroe gouf. Deemnächst komme mir op dëse Wiessel un der Spëtzt vun eiser Jugendorganisatioun zréck.

Dem Christian soe mir ee grousse Merci, fir säin Engagement a seng Disponibilitéit während deene 4 vergaangene Joer. Mir wënschen him vill Satisfactioun a Freed an sénger neier Fonktioun als 2. Scheffe vun der Gemeng Ell.

LLJ | Comments Off on De Jeff Boonen zum neie President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer gewielt