11. Internationale Mähdreschercross

Mähdreschercross 2015 - 2D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter a.s.b.l. invitéiert ganz häerzlech op deen 11. Internationale Mähdreschercross,

e Sonndeg, den 30. August zu Rammerech (Rambrouch).

An am Kader vun dësem Mähdreschercross:

op de Virdrescherbal mam Discoteam ‘The Incredibles’,  e Freideg, den 28. August 2015

op den Drescherbal mat ‘Nightlife NDJ DJs’, e Samschdeg, den 29. August 2015.

Weider Detailer an Informatiounen ënner: www.ljzenter.lu

 

LLJ Zenter | Kommentar hannerloossen

E schéine Gest vun de Verantwortleche vun der Gemeng Ierpeldeng

Scheckiwwerreechung - Gemeng Ierpeldeng - 2De 25. Mäerz 2015 hunn déi Verantwortlech vun der Gemeng Ierpeldeng op eng Scheckiwwerreechung an d’Schlass agelueden. Zesumme mat de Memberen aus dem Scheffen- a Gemengerot huet den Här Buergermeeschter Claude Gleis, dem Abbé Romain Richer, President vum Service Coopération vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer, e Scheck am Wäert vun 2.000 € iwwerreecht, fir domat d’Aarbechten, déi un der klenger Maternité am ‘Centre de santé Sainte Marie’ zu Soa am Kamerun realiséiert ginn, ze ënnerstëtzen. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten op de Säiten 12 an 13 am ONG-News 2015.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D huet den Abbé Romain Richer de Verantwortleche vun der Gemeng säi grousse Merci ausgeschwat, fir dee schéine Gest vu Solaritéit mat de Fraen vu Soa am Kamerun.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Wort vum 06/05/2015: Fränz trifft Fränz

Fränz trifft Fränz - 1Transportminister und Junglandwirt erkunden Nationalstraße N 7 per Traktor

Hoscheid. François Bausch hat Wort gehalten: Nachdem der grüne Transportminister im Oktober bei einem Diskussionsabend zur N 7 von Junglandwirt Fränz Schlechter aus Reuler zur Erkundung der Nationalstraße per Traktor eingeladen worden war, starteten die beiden Namensvettern am Montag in der Tat zu einer gemeinsamen Traktor-Tour über die Hauptverkehrsader des Öslings. Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Wort vum 28/04/2015: Der Nachwuchs zeigt sein Können

Grupp ZuuchtZüchterwettbewerb für Jugendliche

Heisdorf. Die ,,Grupp Zuucht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” hatte kürzlich zu einem Züchterwettbewerb für Jugendliche eingeladen, für den landwirtschaftliche Betrieb Neser seine Anlage zur Verfügung gestellt hatte.

23 Jugendliche zwischen sieben und 25 Jahren hatten sich auf dem Hof während zwei Tagen in einem ,,Workshop” auf diesen Wettbewerb vorbereitet. Nachdem sie außer dem Umgang mit den Tieren auch das Waschen, das Füttern und die Halterführung am Seil gelernt hatten, hatten sie die Gelegenheit, ihr Erlerntes mit Kälbern, die auf dem Hof Neser gezüchtet werden, einem größeren Publikum vorzuführen. Weider liesen

LLJ - Grupp Zuucht | Kommentar hannerloossen

Réckbléck op d’Generalversammlung vun de Verbänn vun der LLJ – JB & JW

Galerie mat 35 Fotoen.

E Freideg, de 24. Abrëll goufen déi dësjäreg uerdentlech Generalversammlunge vun den A.s.b.l.en ‘Lëtzebuerger Landjugend’, ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer’ an der Daachorganisatioun ‘Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer’ am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehalen. Hei e puer … Weider liesen

Downloads, LLJ, LLJ - Grupp Zuucht | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlung vun de Verbänn vun der LLJ – JB & JW

Duerf 4/2015

Duerf 4-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

RTL-Background am Gespréich: Emissioun vum 21. Mäerz 2015

RTLLandwirtschaft zu Lëtzebuerg: Invitéë waren de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen, de Marc Fisch vun der Bauerenzentral, de Raymond Aendekerk vun Natur & Ëmwelt an de Jeff Boonen, President vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

radio.rtl.lu: De Landwirtschaftsministère ass amgaang dat neit Agrargesetz ze finaliséieren. Den Text soll Mëtt Abrëll 2015 fäerdeg sinn, fir datt en da virun der Summervakanz an der Chamber gestëmmt ka ginn, dat sot de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen e Samschdeg de Mëtteg (21/03/2015) an der Emissioun Background, wou d’Landwirtschaft am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen tëscht dem Minister, Vertrieder vun der Landwirtschaft an der Associatioun “Natur & Ëmwelt” stoung.

Diskutéiert gouf iwwert déi grouss Ausriichtunge vun der Landwirtschaftspolitik, an d’Weeër, wéi Ëmweltschutz an d’landwirtschaftlech Produktioun ënnert een Hutt bruecht kënne ginn. Datt d’Landwirtschaft ëmdenke muss, do ware sech d’Acteuren am Studio eens. Beim Wee dohinner ginn d’Meenungen nach auserneen.

D’Emissioun kann weiderhin op RTL.lu gelauschtert ginn.

LLJ | Kommentar hannerloossen