Mähdreschercross 2011

D’Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – Zenter invitéiert op déi 9. Editioun vum beléifte Mähdreschercross, e Sonndeg, den 28. August 2011:

Flyer / Umeldung / Reglement / Pressemitteilung

Programm vum Mähdrescher-Weekend:

E Freideg, de 26. August 2011: Virdrescherbal mam Disco-Team ,The Rabbits’

E Samschdeg, de 27. August 2011: Drescherbal mam Disco-Team ,The Incredibles’

E Sonndeg, den 28. August 2011:
um 10:00 Auer: Sëcherheets-Check an Training
um 13:00 Auer: Start vum Rennen

Deen Intresséierten fënnt weiderhin de VideoStreaming-Reportage vum Robert Schommer vum 8. Internationale Mähdreschercross, deen den 30. August 2009 zu Rammerech ofgehale gouf, ënner wwww.simbapro.com.

 

LLJ Zenter | Comments Off on Mähdreschercross 2011

Mam Ballon iwwer Lëtzebuerg

Galerie mat 12 Fotoen.

Als Unerkennung vum Remy Harpes séngem laangjäregen Engagement un der Spëtzt vum Jugendmouvement, huet d’Lëtzebuerger Landjugend hirem fréiere President en Tour iwwer Lëtzebuerg am Ballon offréiert. De Bong konnt den 11. Juli 2011 ageléisst ginn.

Fotoen, LLJ | Comments Off on Mam Ballon iwwer Lëtzebuerg

E wonnerbare Geste vun ALCOVIT am Intressi vum Bauerestand an Afrika

ALCOVIT huet 3.000 € fir d’Kooperatiounsaarbecht am Intressi vum Bauerestand an Afrika un d’Presidente vum Service Jeunesse a vun de LJB & JW iwwerreecht.

Am Kader vun enger sympathescher Feier am Restaurant ‘A Guddesch’ zu Biereng hunn d’Organisatoren vum groussen ALCOVIT’s Bal, d’Häre Rudy Peters, Armin Fuchs, Edmond Zimmer a Jos Conzemius de Presidente René Ernst vum ‘Service Jeunesse vun der Bauerenzentral’ a Christian Hahn vun de ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer’ de 4. August 2011 e Scheck am Wäert von 3.000 € iwwerreecht. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Comments Off on E wonnerbare Geste vun ALCOVIT am Intressi vum Bauerestand an Afrika

Nei Homepage

Fir Iech nach besser a méi präzis iwwer d’Verbandsliewen an d’Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer ze informéieren, hu mir dës nei Internet-Präsenz an Zesummenaarbecht mat GR.ink (Web Design) an dem Web Application Developer Michel Weimerskirch ausgeschafft. Mir hoffen, datt mir heimat deene verschiddene Virschléi a Bemierkungen vun eise Memberen a Punkto Iwwersiichtlechkeet a Convivialitéit vun der Website Rechnung gedroen hunn.

LLJ, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 7-8/2011

Duerf 7-8/2011Vill Informatiounen zu eiser Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 am Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

D’Lëtzebuerger Duerf kënnt dir bestellen um Tel: 44743 – 252 oder iwwer E-mail: landju@pt.lu. Joresabonnement: 12,00 €

Downloads | Comments Off on Duerf 7-8/2011

Gewënner vum Scheierfest 2011

Organiséiert vun der Landjugend Süden, zu Käl, de 16. Juli 2011

1. Präis: Nr. 0512 – 2. Präis: Nr. 1436 – 3. Präis: Nr. 1411

D’Gewënner sollen sech mam Jeannot Wilwert a Verbindung setzen, um Tel. 691 533 820

LLJ Süden | Comments Off on Gewënner vum Scheierfest 2011

CTAA – Ennerstëtzung vun der Forstverwaltung

Foire Agricole 2011

E noble Geste vu Säite vun der Administration des Eaux et Forêts

Op e noble Geste vu Säite vun der Administration des Eaux et Forêts konnt d’ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. op der Foire Agricole 2011 zielen. Den Erléis vun der Stee vu Brennholz ass integral un d’ONG weidergeleet ginn a kënnt dem Projet Perfectionnement et intensification de l’utilisation de la traction asine au plateau central du Burkina Faso par le moyen d’un Centre Technique de l’Amélioration de la traction Asine – CTAA zegutt. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Comments Off on CTAA – Ennerstëtzung vun der Forstverwaltung

Foire Agricole 2011

Galerie mat 95 Fotoen.

Zesumme mam Organisateur vun der Foire Agricole (FAE) hunn d’LJB&JW d’Schoulklasse vum Enseignement fondamental e Freideg, den 1. Juli 2011 op Ettelbréck agelueden. D’Kanner hunn iwwer dëse Wee d’Geleeënheet kritt, fir d’Landwirtschaft, de ländleche Raum an d’Natur mat all hiren … Weider liesen

Fotoen, LLJ | Comments Off on Foire Agricole 2011

Bäileedskaarte fir e gudden Zweck

Mir weisen drop hinn, datt dir dës Bäileedskaarte bei engem Stierffall bei äis ufroë kënnt. Bannendra fannt dir en Text aus dem Johannes-Evangelium (Joh, 12,24): “Wenn das Weizenkorn nicht in die Erde fällt und stirbt, bleibt es allein. Wenn es aber stirbt, bringt es reiche Frucht.”

Mam Kaf vun dëse Kaarten ënnerstëtzt dir d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Intressi vun der Landbevëlkerung an Afrika.

Bestellung : Tel. 44743 – 252; Fax: 44743 – 563; E-mail: landjugend@pt.lu

Präis pro Kaart: 2,50 € (+ Porto)

LLJ – Service Coopération | Comments Off on Bäileedskaarte fir e gudden Zweck

Landjugenddag 2011

Galerie mat 98 Fotoen.

Impressioune vum dësjärege Landjugenddag, deen den 2. Juni 2011 zu Wäisswampech vun der Landjugend Cliärref mat groussem Succès duerchgefouert gouf.

Fotoen, LLJ, LLJ Cliärref | Comments Off on Landjugenddag 2011