Den Abbé Jean-Marie Konkobo op Besuch zu Lëtzebuerg

IMG_4766 - 2E Méindeg, de 27. Juli 2015 konnt den Abbé Jean-Marie Konkobo – dee bis Enn August 2015 an enger Par an der Géigend vun Angoulème, an der Charente, aushëlleft – kuerz um Siège vun der ONG-D am Centre Convict begréisst ginn. Hien ass den Initiator vun engem Kooperatiounsprojet, deen de Comité Villageois de Dévoloppement (CVD) vu Zambélé mat der Hëllef vun eiser ONG-D an der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär vu Mëtt September 2015 un zu Zambélé am Burkina Faso realiséiert.

Am Projet ass den Ausbau vun de bestehenden Infrastrukturen vun der Primärschoul an d’Versuerge vum Duerf mat Drénkwaasser virgesinn. De Projet beziffert sech op insgesamt 124.713,39 € a gëtt zu 75 % vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär cofinanzéiert: Descriptioun vum Projet

Op der Foto (v.l.n.r.): Marie-Antoinette Scheidweiler-Recken, Marcel Scheidweiler, Abbé Jean-Marie Konkobo, François Glodt

 

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

De Laurent Frantz an de WFO-Jongbauerecomité gewielt

Laurent Frantz in WFO-Jungbauernausschuss gewähltOp der dësjäreger Generalversammlung vum Weltbauereverband (WFO), déi vum 24. bis 27. Juni zu Mailand ofgehale gouf, ass niewent dem Lucas Van Dessel aus Flandern an dem Daniele Perrone aus Italien och dee  laangjärege Member vum Präsidium vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – de Laurent Frantz – an de  Jongbauerecomité vum Weltbauereverband gewielt ginn.

Op der Foto gesi mir de Laurent zesumme mat der neier Presidentin – der Mme Dr. Evelyn Nguleka – déi nom Här Peter Kandell un der Spëtzt vun der WFO steet.

Mir wënschen dem Laurent ‘Bonne Chance’ a vill Satisfaktioun an senger neier Funktioun an dësem wichtege Gremium.

 

CEJA | Kommentar hannerloossen

Eng nei Presidentin fir d’Lëtzebuerger Landjugend

FB_IMG_1435651211309Zënter dem dësjärege Landjugenddag, deen de 14. Mee zu Garnech, resp. zu Héiweng vun der Landjugend Süden organiséiert gouf, huet d’Lëtzebuerger Landjugend (LLJ) eng nei Presidentin an der Persoun vum Nelly Meyers.

Hir Virgängerin Kim Siebenaller, déi eise Jugendmouvement vum Landjugenddag 2013 u gefouert huet, huet hire Récktrëtt offiziell am Nationalcomité am Abrëll 2015 bekannt ginn. Kuerz virun deem dësjärege Landjugenddag huet d’Nelly sech du bereet erkläert, fir d’Funktioun vun der Presidentin vum 14. Mee 2015 un ze iwwerhuelen.

Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Memberen, Frënn a Sympathisanten eis nei Presidentin virzestellen.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Andréck vun der Visite de suivi vum Kooperatiounsprojet CTAA vun Imasgo am Burkina Faso

Enn Januar 2015 sinn d’Jacqueline Monville, Chargée de projets, de Romain Richer, President vum CA vun der ONG-D, an de Philippe Mitsch, Member vum CA, an de Burkina Faso geflunn, fir déi sougenannte Visite de suivi am Centre Technique d’Amélioration de la traction Asine (CTAA) zu Imasgo duerchzeféieren, déi am Kooperatiounsprojet virgesinn ass.

De Philippe huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir seng Andréck vun der Visite a vum Kooperatiounsprojet am Allgemengen an dësem Film festzehalen:

 

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Mit der Kamera auf der landwirtschaftlichen Fachmesse Innov’action unterwegs

InnovActionDie “Ekologesch Landwirtschaftsberodung” der “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer“ und des “OekoZenter Pafendall” war auf der landwirtschaftlichen Fachmesse Innov’action mit der Kamera unterwegs um Näheres zu den Themen einer nachhaltigen Landwirtschaft zu dokumentieren. Hier finden Sie 3 Videoclips zum Thema Pflanzenschutzmittel und Leguminosenanbau: Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Échos de la Coopération luxembourgeoise sur les ‘Burkina Days’ (Foire Agricole 2015)

Burkina Days - FAE 2015_043gouvernement.lu: Le ministre de la Coopération et de l’Action humanitaire, Romain Schneider, s’est rendu à la Foire Agricole d’Ettelbruck le 4 juillet 2015. Il a visité la tente des Burkina Days et a pu assister à une démonstration de l’utilité et de l’efficacité de l’utilisation de la Kassine tractée par un âne.

Dans le cadre de l’Année européenne pour le développement cinq ONG de développement luxembourgeoises ont organisé une activité commune, les “Burkina Days” lors de la FAE du 3-6 juillet, à savoir Chrëschte mam Sahel, Fondation Dr Elvire Engel, Le Soleil Dans la Main, Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération a.s.b.l et Solidaresch Aktioun Echternach, avec l’Initiative Partage Afrique. D’autres partenaires étaient impliqués dans l’activité: l’agence culturelle de l’ASTM et Prommata. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Wonnerbare Gest vu Solidaritéit vun de Kommiounskanner vu Walfer

Scheckiwwerreechung Walfer 03-07-2015 - 2Bei Geleeënheet vun hirer Éischter Helleger Kommioun hunn d’Kommiounskanner vu Walfer deelweis op Kadoe verzicht, fir hir Solidaritéit mat de Frae vu Soa am Kamerun zum Ausdrock ze bréngen.

Hei gouf 2014 – mat der Hëllef vun der ONG-D ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ an der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär – am Dispensaire, dee vun de Soeurs de Sainte Marie vu Soa a Zoétélé geréiert gëtt, den Ubau an den Equipement vun enger klenger Maternité realiséiert. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen