LLJ.News 1/2017

Déi nei Editioun vum LLJ.News (Nr.1 /2017) kréien eis Abonnenten a Memberen ëm de 15. Mäerz 2017 mat der Post heemgeschéckt.

Och an dëser Zeitung gi mir op déi wichteg Evenementer aus dem Liewe vun eisen Associatiounen an: de rezente Presidentewiessel, den Neijooschpatt 2017, d’Fuesssaison vun der LLJ Maacher, de sougenannte „Bauerenhaff an der Stad“ (1. an 2. Abrëll 2017), den 43. Landjugenddag (de 25. Mee 2017, organiséiert vun der LLJ Dikrich) a vill Interessantes iwwer d…’Kooperatiounsaarbecht an Afrika vun eiser ONG-D.

Wichteg: Bedéngt duerch d’Reorganisatioun innerhalb vun eisen Associatiounen, kann et sinn, datt eenzel Memberen aus de Gruppen nach net am Fichier erfaasst sinn oder, datt et zu Doublüre beim Verschécken vun eiser neier Verbandszeitung kënnt. Zéckt deemno net, fir äis Bescheed ze soen, wann dir d’Zeitung net kritt huet oder wann dir méi Zeitungen, wéi virgesinn, an ärer Bréifkëscht virfannt.

All aner Interessenten kréien d’Zeitung och gäre nogeschéckt. Kontaktéiert äis iwwer Tel. 44743 – 252 oder secretariat@jongbaueren.lu.

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Eis Generalversammlungen 2017

Eis Membere fannen hei den Tableau mat den Terminer vun den nächste Generalversammlunge vun de regionale LLJ-Gruppen, der nationaler Associatioun “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” an der ONG-D, deen aktualiséiert gëtt, esoubal déi respektiv Datumer festgeluecht sinn:

Regional LLJ-Gruppen
LLJ Cliärref25.03.2017"Am Sall" zu Eeselbuer
LLJ Dikrich03.03.2017Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
LLJ Furen10.03.2017"Am Bau" zu Furen
LLJ Maacher17.03.2017"Op der Knupp" zu Dickweiler
LLJ Süden20.01.2017Hal "Union des Bons Amis" zu Diddeleng
LLJ Uewersauer27.01.2017Um Schumann
LLJ Zenter03.02.2017"An der Millen" zu Biekerech
LLJ-Aarbechtsgruppen
Grupp Zuucht10.02.2017Am CONVIS-Gebai zu Ettelbréck
Fleeschranner-Jongziichter
National Associatiounen
LLJ a.s.b.l.28.04.2017Am Festsall vum LTA zu Ettelbréck
LLJ - Service Coopération a.s.b.l.27.03.2017An de Raimlechkeete vun der ErwuesseBildung am Bâtiment G vum Centre Convict an der Stad

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

De Marc Roeder huet de Poste vum LLJ-Nationalpresident um dësjärege Jongbauerendag iwwerholl

De Marc Roeder (4.v.r.) um Jongbauerendag zesumme mat dem Generalvikar Leo Wagener (2.v.r), dem Minister Fernand Etgen (1.v.r), dem LLJ-Nationalaumônier Romain Richer (2.v.l.), der LLJ-Presidentin fir de Volet Landjugend, Nelly Meyers, dem oftriedenden LLJ-President Jeff Boonen (7.v.l.) an de Membere vum Aarbechtsgrupp Agrarpolitik

Zënter deem leschte Jongbauerendag, deen den 20. November 2016 am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale gouf, assuréiert de Marc ROEDER vun Tandel de Volet Jongbaueren un der zweekäppeger Spëtzt vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren (LLJ). Fir de Volet Landjugend ass bekanntlech d‘LLJ-Presidentin Nelly MEYERS zoustänneg.

De Marc huet deemno de Poste vum LLJ-President vu sengem Virgänger, dem Jeff BOONEN, iwwerholl. De Jeff huet d’Geschécker vun der LLJ vum November 2011 u geleet. Mir soen dem Jeff hei nach eemol e ganz, ganz grousse Merci, fir säi virbildlechen Engagement fir eise Jugendmouvement!

Mir si frou, mam Marc en neie President fonnt ze hunn, dee fir äis keen Onbekannten ass an deen sech schonn op ville Niveauen, sief dat an den Aarbechtsgruppen „Agrarpolitik“ an „Zuucht“ oder am regionale Landjugendgrupp Dikrich, fir d’LLJ agesat huet. Mat dësem Interview wëlle mir vun der Geleeënheet profitéieren, fir eise Memberen a Sympathisanten deen neien LLJ-President virzestellen. No senger éischter Interventioun an senger neier Funktioun um Jongbauerendag 2016, huet de Marc sech spontan bereet erkläert, fir am Kader vun dësem Interview op sech an seng Iddien – wat seng zukünfteg Aarbecht am Interessi vun der Associatioun betrëffen – anzegoen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Visite vum Här Marc Gansonré, Generalsekretär vun der FEPA-B an der CPF aus dem Burkina Faso

img_2198-1De Generalsekretär vun der „Fédération des Professionnels Agricoles du Burkina“ (FEPA-B) an der  „Confédération Paysanne du Faso“ (CPF) war vum 12. bis 13. Dezember 2016 op Aarbechtsvisite zu Lëtzebuerg

Vum 12. bis 13. Dezember 2016 haten d’Vertrieder vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l.“ d’Geleeënheet, fir sech mam Här Marc Gansonré, Generalsekretär vun der FEPA-B an der CPF um Siège vun der Associatioun iwwer eng eventuell Kollaboratioun an engem zukünftege Projet auszetauschen. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Aktioun BIBLIOTHÉIK fir Zambélé am Kamerun

aktioun-bibliotheik-zambeleZambélé befënnt sech an enger karger an aarmer Géigend vum Burkina Faso, wou déi lokal Bevëlkerung haaptsächlech vun der Landwirtschaft lieft.

Am Kader vun engem éischte Kooperatiounsprojet (2015 – 2016) ass vun eiser ONG e Schoulgebai fir de Primär op der Plaz gebaut ginn. Dësweidere sinn d’Schoul an d‘Duerf mat Drénkwaasser approvisionéiert ginn.

No der exemplarescher Ëmsetzung vun dësem Projet, huet eis ONG eng weider Etapp zu Zambélé fir d’Joren 2016 – 2019 an d’A gefaasst. Domat soll de lokale Partner bei der Realisatioun vun engem Schoulkomplex ënnerstëtzt ginn, deen d’Regroupéiere vum Précoce, dem Primär an dem Secondaire op engem eenzege Site virgesäit. Iwwer dëse Wee soll virun allem garantéiert ginn, datt d’Kanner ënner verbesserte Bedéngunge léiere kënnen an de Passage vun engem Zyklus an deen aneren am eegenen Duerf vereinfacht gëtt. Weider liesen

LLJ | Kommentar hannerloossen

Lescht Editioun vum “Duerf” (11-12/2016)

duerf-11-12_2016Bis elo ware vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf ze fannen. D’Lëtzebuerger Duerf gouf an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg war, publizéiert.

Vun 2017 un, kënnt eng eegen an iwwerschaffte Versioun vun eiser Verbandszeitung eraus. Déi Interesséiert fannen hei de “Schnupperexemplaire”, deen eise Memberen an Abonnenten am Oktober 2016 zougestallt gouf: LLJ•News. Weider liesen

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Eng weider schéin Ënnerstëtzung vun der ONG duerch d’Pensionnairë vun der „Résidence des Ardennes“ vu Klierf

Galerie mat 3 Fotoen.

En Dënschdeg, den 22. November 2016, hunn d’Pensionnairë vun der „Résidence des Ardennes” eng zweete Kéier op eng Scheckiwwerreechung zugonschte vun de Kooperatiounsprojete vun der ONG „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren– Service Coopération a.s.b.l.” op Klierf invitéiert. Am Kader vun enger … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen

Solidarische Landwirtschaft (SoLawi): Partnerschaft zwischen Konsument und Produzent

logo_oekozenter-pafendall_TRAITSolidarische Landwirtschaft (SoLawi): Partnerschaft zwischen Konsument und Produzent

Besuch von 2 innovativen Solawi-Betrieben in der Umgebung von Bonn

 Mittwoch, 21.12.2016

In der solidarischen Landwirtschaft tragen mehrere Privat-Haushalte die Kosten eines landwirtschaftlichen Betriebs, wofür sie im Gegenzug dessen Ernteertrag erhalten. Dadurch entsteht ein persönlicher Bezug zwischen Erzeuger und Konsument, den viele Verbraucher heute vermissen. Solidarische Landwirtschaft bietet zudem neues Potential, Produkte regional direkt und unabhängig vom freien Markt und dominierenden Handelsketten abzusetzen, einen neuen Betriebszweig stabil aufzubauen, den Betrieb zu diversifizieren und in direkten Kontakt mit den Konsumenten zu treten. Treffen Sie Landwirte, die ihre Produkte über dieses Prinzip vermarkten, auf ihren Höfen.

Programm

 

Downloads, Ekologesch Landwirtschaftsberodung, LLJ | Kommentar hannerloossen