Wäertvollen Asaz vum Marcel Scheidweiler fir de Bauerestand am Burkina Faso a fir d’ONG hei zu Lëtzebuerg

Dem Marcel e grousse MerciNo de sougenannten „Burkina Days”, déi eis ONG am Kader vun der Foire Agricole vun Ettelbréck mat verschiddenen anere Lëtzebuerger ONGen an Associatiounen organiséiert huet (3. – 5. Juli 2015), huet de Marcel Scheidweiler säi Récktrëtt aus dem Conseil d’administration vun der ONG bekannt ginn, fir déi hie während laange Jore vill a wäertvoll Aarbecht geleescht huet.

Vum Abrëll 1960 bis Februar 1961 war de Marcel selwer zu Imasgo an der Obervolta (haut Burkina Faso) täteg, fir d’Aarbecht weiderzeféieren, déi den Tony Mailliet 1959 – mam Impuls vum Pater Henri Spoden s.j. – ugestouss an domat de Grondstee geluecht huet vun enger laanger Geschicht, wat d’Entwécklungszesummenaarbecht vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung an Afrika betrëfft.

Mat dësem Interview komme mir zréck op dem Marcel säi laangjäregt Engagement fir de Bauerestand am Burkina Faso a fir eis ONG hei zu Lëtzebuerg.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Jongbaueren- a Jongwënzerdag 2015

Dr. Mathias Binswanger

Referent: Dr. Mathias Binswanger

D’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer invitéiere ganz häerzlech op den dësjärege Jongbaueren- a Jongwënzerdag

e Sonndeg, den 22. November 2015

um 20:00 Auer am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck:

Programm

Thema: Globalisierung und Landwirtschaft – Mehr Wohlstand durch weniger Freihandel

Freihandel bei landwirtschaftlichen Produkten führt zu vielen Verlierern und wenigen Gewinnern. Verlierer sind die meisten Bauern sowohl in den Industrie- als auch in den Entwicklungsländern, während sich einige Großbauern und ein paar internationale Konzerne zu den Gewinnern zählen dürfen. In den ärmsten Entwicklungsländern machen die sich auf der Verliererseite befindenden Kleinbauern zudem die Mehrheit der Bevölkerung aus. Aus diesem Grund sind gerade diese Länder am stärksten von den negativen Folgen des Freihandels betroffen, obwohl sie gemäß Theorie am meisten profitieren sollten.

Die politischen Schlussfolgerungen liegen somit auf der Hand: landwirtschaftliche Produkte sollen von Freihandelsabkommen ausgenommen werden. Zölle und Handelsbeschränkungen zum Schutze der Landwirtschaft sind grundsätzlich gerechtfertigt, da der Freihandel in den meisten Ländern weder Wohlstand noch Lebensqualität erhöht.

Aus dem Diskussionspapier der FHNW (Fachhochschule Nordwestschweiz) Hochschule für Wirtschaft

Referent: Dr Mathias Binswanger

 

Downloads | Kommentar hannerloossen

Theaterowender zu Branebuerg

Theaterowender zu Branebuerg 2015 - 2De Landjugendgrupp Furen an “Damp an der Këscht” invitéiere ganz häerzlech op hir Theaterowender zu Branebuerg:

e Samschdeg, den 21. November 2015 ( um 20:00 Auer),

e Samschdeg, den 28. November 2015 (um 20:00 Auer) oder

e Sonndeg, de 29. November 2015 (um 19:00 Auer)

Reservatioun um Tel. 83 40 20 oder per Mail reservation@dampanderkescht.lu

Entrée: 8 €

 

Downloads, LLJ Furen | Kommentar hannerloossen

Sympathesch Ënnerstëtzung vun der ONG duerch d’Bewunner vun der Résidence des Ardennes vu Klierf

Scheck - Résidence des Ardennes - 28-10-2015 (2)E Méindeg, den 28. Oktober 2015 hunn d’Pensionnaire vun der “Résidence des Ardennes” op eng Scheckiwwerreechung zugonschte vun de Kooperatiounsprojete vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” op Klierf agelueden.

Am Kader vun enger klenger sympathescher Feier ass dem Abbé Romain Richer (op der Foto: 1.v.l.), President vun der ONG, deen offizielle Scheck am Wäert vun 1.535 € iwwerreecht ginn. Dës Zomm hunn d’Bewunner vum Altersheim am Laf vum Joer duerch de Verkaf vu verschiddene selwergemaachte Produite gesammelt. Mat vill Léift goufe vun hinnen Zockerwäffelcher gebak, Gebeess gekacht, Likör gemaach, Strëmp gestréckt a Lavendel-Säckelcher gebitzt, fir se am Interessi vun der gudder Saach un d’Fra/de Mann ze bréngen.

Déi gesammelt Sue fléissen deemno integral an d’Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa am Kamerun“, mat där de Verwaltungsrot vun der ONG déi Verantwortlech vun der klenger Maternité beim Beschafe vun néidegem Material ënnerstëtze wëll.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG soe mir de Pensionnaire vun der “Résidence des Ardennes” e ganz, ganz grousse Merci fir hire sympatheschen Asaz zugonschte vun der Entwécklungszesummenaarbecht an Afrika vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Aktioun: Neit Equipement fir d’Maternité zu Soa am Kamerun

DSCN3535 (2)Mat dëser Aktioun soll déi kleng Maternité vu Soa am Kamerun, déi 2014 mat der Hëllef vun eiser ONG a vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministär vun der lokaler Schwëstere-Communautéit vun de ‘Soeurs de Sainte Marie’ opgebaut gouf – mat zousätzlechem Material fir en Total vun 9.913,00 € equipéiert ginn:

  • 1 aspirateur de mucosité
  • 2 boîtes d’accouchement
  • 1 boîte de petite chirurgie
  • 1 table d’accouchement
  • 1 couveuse électrique

 

Weider Detailer zu dëser Aktioun fënnt deen Interesséierten an dësem Flyer.

Wann och Dir d’Aktioun ënnerstëtze wëllt, kënnt Dir dat maache mat engem Don un d’ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.”:

CCPL: LU05 1111 0050 3083 0000
CCRA: LU32 0090 0000 0157 8004

Vermierk: Aktioun “Neit Equipement fir d’Maternité vu Soa”

Mir soen am Viraus e ganz grousse Merci fir all Ënnerstëtzung!

 

Downloads, LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 10/2015

Duerf 10-201Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéite vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der KMA, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Zur Informatioun fir eis Abonnenten:

Eng iwwerschaffte Versioun vun der Verbandszeitung vun eisen Associatiounen ass fir Januar 2017 virgesinn. Si gëtt vun deem Moment un net méi an Zesummenaarbecht mat der KMA realiséiert, déi dann och hiert eegent Blat erausgëtt.

En Aarbechtsgrupp ass derbäi sech Gedanken ze maachen, fir eng uspriechend an op déi Jonk ausgeriichten Zeitung ze gestalten an ze verëffentlechen. En huet sech zum Zil gesat, fir eise Memberen, Sympathisanten an Abonnenten en éischten Exemplaire am Oktober 2016 zoukommen ze loossen, éiert et am Januar 2017 definitiv mat deem neie Blat weidergeet. Bis dohin ass nach vill Aarbecht ze leeschten. Mir sinn awer iwwerzeegt, datt mir hinnen zum gesaten Zäitpunkt eng flott Verbandszeitung virleeë kënnen.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen