Impulser fir de „Lëtzebuerger Aktiounsplang Pestiziden“

Aktiounsplang PestizidenPraktikabel Moossname fir d’Landwirtschaft am Respekt vun Ëmwelt a Gesondheet

Heimat invitéiert d’Ekologesch Landwirtschaftsberodung vun de Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer zesumme  mam OekoZenter Pafendall op d’Konferenz zum “Lëtzebuerger Aktiounsplang Pestiziden”, en Donneschdeg, den 12. Mäerz 2015 vu 09.30 bis 13:00 Auer am Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck.

Engersäits sechere Planzeschutzmëttel den Ertrag vun de Baueren, anerersäits biergen se Risike fir d’Ëmwelt a fir d’Gesondheet. Eng EU-Direktiv soll dës Risiken an den EU-Memberstaten op e Minimum reduzéieren. D’Instrument dofir ass en Aktiounsplang mat quantitativen an zäitlechen Ziler, deen an de concernéierte Länner opgestallt sollt ginn. Weider liesen

Downloads | Kommentar hannerloossen

Duerf 2/2015

Duerf 02-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

 

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Visite de suivi 2015 am Kooperatiounsprojet CTAA

IMG_3546 - 2Den 31. Januar 2015 sinn 3 Vertrieder vun der ONG-D “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” vum Findel aus fir 10 Deeg an de Burkina Faso gefuer: (v.ln.r.) Jacqueline Monville, Chargée de projets, Philippe Mitsch, Member vum Conseil d’administration (CA), an Abbé Romain Richer, President vum CA vun der ONG-D.

Um Programm vun der Visite de suivi, déi am Kader vum Kooperatiounsprojet “Centre technique d’amélioration de la traction asine – CTAA” duerchgefouert gëtt, stinn ënner anerem d’Entrevuë mat dem lokale Partner AMUS (Association Mains Unies du Sahel) an de Verantwortleche vum CTAA. Virun allem stinn awer d’Reunioune mat de Bauerevertrieder vun deenen am Projet implizéierten Dierfer Imasgo, Koalma, Sabouna an Tiogo am Fokus. Si treffen sech vum 3. bis 5. Februar 2015  mat de Verantwortleche vum Projet fir dee programméierte CPS (Comité de Pilotage Stratégique) um Site vum CTAA zu Imasgo.

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Duerf 1/2015

Duerf 01-2015Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Ënnerschreift och Dir d’Petitioun géint den ëmstriddene Fräihandelsaccord mat den USA

Stop TTIPMat 12 weidere Lëtzebuerger Associatiounen – dorënner Gewerkschaften, de Konsumenteschutz, Ëmweltorganisatiounen an Associatiounen aus dem soziale Beräich – hunn d’Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer sech zesummegedoe, fir Neen zum geplangtenen transatlantesche Fräihandelsaccord tëscht der EU an den USA ze soen – dem TTIP – dem Transatlantic Trade and Investment Partnership.

Mam Fräihandelsaccord ginn europäesch Standarden an Domainer wéi dem Klimaschutz, der Landwirtschaft, am soziale Beräich oder dem Konsumenteschutz, fir déi joerelaang gekämpft gouf, a Fro gestallt.

Mat der Ënnerstëtzung vun der europäescher Biergerinitiativ géint den ëmstriddenen TTIP an dem ënnerschreiwe vun hirer Petitioun, kënnt och Dir Ären Désaccord ausdrécken: stop-ttip

 

LLJ | Kommentar hannerloossen

Duerf 11-12/2014

Duerf 11-2014Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säite 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.

Downloads, LLJ | Kommentar hannerloossen

Conveniat vum Grupp, deen 1983 zu Lwono am Zaïre de Kooperatiounsprojet “Centre de Formation Rurale” besicht huet

Galerie mat 21 Fotoen.

Am Kader vun enger sympathescher Soirée, hunn sech d’Ancienë vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer – déi am Dezember 1983 un der sougenannter “2. Afrika-Expeditioun” bedeelegt waren – den 21. November 2014 an der Bricher Stuff getraff, fir … Weider liesen

Fotoen, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Kommentar hannerloossen