Sich-Resultater fir: dag vun der kooperatioun

Dag vun der Kooperatioun

Galerie mat 49 Fotoen.

Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun, deen e Sonndeg, de 7. November 2010 zu Rammerech vun der Landjugend Zenter an Zesummenaarbecht mat der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. organiséiert gouf.

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun

Dag vun der Kooperatioun 2008

Galerie mat 70 Fotoen.

Impressioune vum Dag vun der Kooperatioun, deen den 9. November 2008 zu Biekerech vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer Zenter an Zesummenaarbecht mat der ONG Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l. organiséiert ginn ass.

Fotoen, LLJ – Service Coopération, LLJ Zenter | Comments Off on Dag vun der Kooperatioun 2008

60. Anniversaire vun der ONG

1959 – 2019

Bei Geleeënheet vum 60. Anniversaire (2019) vun der ONG weise mir op folgend Manifestatiounen hin, déi am Laf vum Joer ustinn:

  1. Expo-Stand um Bauerenhaff an der Stad, de 6. a 7. Abrëll 2019 bei der Gëlle Fra (Place de la Constitution), Lëtzebuerg-Stad
  2. Expo-Stand um 45. Landjugenddag, den 30. Mee 2019
  3. Expo-Stand op der Foire Agricole, vum 5. bis 7. Juli 2019 an den Däichwisen zu Ettelbréck: Virstellung vun de Kooperatiounsprojeten, déi d’ONG an Zesummenaarbecht mat hire lokale Partner am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso realiséiert; Gespréichsronn mat Bauerevertrieder aus dem Burkina Faso; Kanneratelieren; Afrikanesch Museker an Danz, …
  4. Dag vun der Kooperatioun, e Sonndeg, de 6. Oktober 2019 am Hall Polyvalent zu Clierf, organiséiert vun der LLJ Cliärref a.s.b.l.
  5. Soirée am Kader vum 60. Anniversaire, e Samschdeg, de 26. Oktober 2019, An Haffen, 13, rue des Trois Cantons, L-3980 Wickreng

Déi weider Detailer zu deene respektive Manifestatioune ginn am Virfeld hei um Site an op Facebook publizéiert.


LLJ – Service Coopération | Comments Off on 60. Anniversaire vun der ONG

Wonnerbar Geste vu Solidaritéit mam Burkina Faso vun der LLJ Cliärref an dem Lely Center Urspelt

Am Kader vun der dësjäreger Generalversammlung (24/03/2018) vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Cliärref a.s.b.l. konnt de Romain Richer, President vun eiser Hëllefsorganisatioun Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren – Service Coopération a.s.b.l. direkt 2 Schecken fir d’Kooperatiounsaarbecht am Interessi vun der ländlecher Bevëlkerung am Burkina Faso entgéint huelen.

Iwwer dee Wee ass deemno engersäits déi impressionnant Zomm vu 4.500 € un d’ONG gaangen, déi um Dag vun der Kooperatioun, den 1. Oktober 2017, vum regionale Landjugendgrupp erwirtschaft gouf.

Dësweidere huet den Här Luc Van Laar vum Lely Center Urspelt a fréiere Member vun der LLJ Cliärref, d‘ONG mat engem Scheck vun 1.250 € ënnerstëtzt. Dës Zomm kënnt aus dem Erléis vum Buffet vun der Feier zum 10. Anniversaire vum Betrib.

Am Numm vum Verwaltungsrot soe mir der Equipe ronderëm de Fränz Schlechter, President vun deene Cliärrefer, an deene Verantwortleche vum Lely Center Urspelt, e ganz grousse MERCI fir dës wonnerbar Geste vu Solidaritéit mat de mannerbemëttelte Bauerefamilljen am Burkina Faso.

Fotoen: Chris Bewer

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Cliärref | Kommentar hannerloossen

Wonnerbare Gest zugonschte vun der Kooperatiounsaarbecht am Burkina Faso

Am Kader vum 80. Gebuertsdag vum Här Pierre Keup, resp. hirer Gëllen Hochzäit, hunn den Här & d’Madame Keup-Dhur de Romain Richer, President vun der ONG, op Wäisswampech agelueden, fir him e Scheck am Wäert vu 6.000 € ze iwwerreechen an iwwer dee Wee d’Kooperatiounsaarbecht vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG huet de Romain Richer der sympathescher Koppel säi grousse Merci fir dee wonnerbare Gest ausgeschwat an hinne verséchert, datt d’Suen integral an de Projet fléissen, wou am Moment den Ausbau vun de Schoulinfrastrukture vu Zambélé mam lokale Partner realiséiert gëtt. Detailer zu dësem Projet fënnt deen Interesséierten am ONG.News 20/2017, dee weiderhin erofgeluede ka ginn: ONG-News 2017.

Mir wënschen dem Här Pierre Keup nodréiglech all Guddes fir säin héije ronne Gebuertsdag an him a senger Madame nach vill schéi gemeinsam Joren am Krees vun hirer Famill.

 

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Scheckiwwerreechung vun der Landjugend Furen

Furen - Scheckiwwerreechung 2015 - 2Och dee regionale Landjugendgrupp Furen huet op en Neits seng Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika mat engem Scheck vu 5.000 € ausgedréckt.

Op der dësjäreger uerdentlecher Generalversammlung, op déi de Comité d’Memberen an déi Interesséiert e Freideg, den 13. Mäerz 2015 op Furen ‚an de Bau‘ invitéiert hat, huet den Abbé Romain Richer, President vun der ONG-D, de Scheck entgéint geholl, an dem Comité vun deene Furener säi grousse Merci fir dës aussergewéinlech héich Ënnerstëtzung vun der Kooperatiounsaarbecht ausgeschwat.

De Patrick Coenjaerts, President vum dynamesche Landjugendgrupp, huet betount, datt dëse Scheck en Deel vum Erléis vum 40. Landjugenddag duerstellt, deen déi Verantwortlech mat de mannerbemëttelte Populatiounen an Afrika deele wëllen. Bekanntlech huet d’Landjugend Furen d‘Jubiläumseditioun vum Landjugenddag (2014) am Parc Housen mat groussem Succès organiséiert.

Am Numm vum Verwaltungsrot vun der ONG-D soe mir deene Verantwortleche vum Grupp e ganz ganz grousse Merci, fir hir Generositéit!

 

LLJ – Service Coopération, LLJ Furen | Kommentar hannerloossen

Wonnerbar Ënnerstëtzung vun der Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“

Jeanny - 50te Gebuertsdag - 2Op der Feier fir hire 50. Gebuertsdag huet d’Madame Jeanny Janssen-Bakx vu Manternach op Cadeaue verzicht an hir Invitéeën dozou opgeruff, d’Aktioun „100 Kassine fir de Burkina Faso“ vun der ONG ze ënnerstëtzen. Bei där Geleeënheet konnt si déi impressionnant Zomm vun 2.300 € sammelen, déi integral an d’Produktioun vu Kassine fir d’Produzenten am Burkina Faso fléissen. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen

Bichermaart an Afrika-Fest fir déi gutt Saach vun de Schoulkanner vu Biissen

Scheck -Schoul Biissen 2014Flott Aktioune vun de Schoulkanner vu Biissen an Zesummenaarbecht mam Léierpersonal, der Gemeng Biissen an dem Fussballveräin

Den 11. Mee 2014 hunn d‘Schoulkanner vu Biissen op e grousse Bichermaart invitéiert, wou si hir gebrauchte Bicher ganz bëlleg ugebueden hunn. Si konnten op d‘Ënnerstëtzung vun hiren Elteren zielen, déi Kaffi, Kuch a Grillwurschte verkaf hunn. Och d’Léierpersonal war am Asaz an huet fir de Verkaf vum Gedrénks gesuergt. D’Gedrénks an d’Infrastruktur goufe vun der Gemeng gestallt; de Fussballveräin huet säin Zelt opgeriicht an der Schoul et fir deen Dag gratis zur Verfügung gestallt. Weider liesen

LLJ – Service Coopération | Kommentar hannerloossen